Visite-guidéeën an der Kathedral

Firwat heescht d’Kierch dann Notre-Dame a wat ass iwwerhaapt eng Kathedral? Wat huet et mat der Oktav op sech? Firwat ginn et zwou Uergelen an dräi Ducksäll? Wat mecht de Kleeschen iwwert der Entrée stoen, a firwat huet sech d’Melusina nët nëmmen an enger Fënster verstoppt? …

Et gëtt nawell vill ze entdecken an der Kathedral an an der Krypta. Dofir invitéiert och dëst Joer d’Por Lëtzebuerg Notre-Dame an der Summervakanz op en Entdeckungstour duerch d’Kathedral. All Samschdeg um 11.30 Auer, direkt no der Audition d’orgue, ginn d’Intresséiert vun engem Kathedralsguide bei der Haaptentrée an der Ënnescht Gaass empfaangen. D’Visite dauert ongeféier eng Stonn.

Well COVID19 nach net ganz eriwwer ass, ass d’Zuel vun de Visiteuren op zeng beschränkt. D’Sprooch vun der Visite (Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch) gëtt all Kéiers spontan mat den intresséierte Visiteuren décidéiert. Eng participation aux frais vu 5 euro op de Kapp gëtt op der Plaz gefrot. Terminer: all Samschdeg, vum 17. Juli bis 21. August, 11.30 Auer bei der Haaptentrée an der Ënnescht Gaass.


Pourquoi l’église porte-elle le nom de Notre-Dame et pourquoi est-elle une cathédrale? C’est quoi, cette Octave? Et pourquoi il y a deux orgues et trois jubés, St Nicolas au-dessus du portail et Mélusine dans une fenêtre? Il y a beaucoup à découvrir dans cette église.

Pendant les vacances d’été, la paroisse Lëtzebuerg Notre-Dame invite à une visite guidée chaque samedi, à 11.30 hrs (directement après l’audition d’orgue). Un(e) guide de la cathédrale accueille les intéressés à l’entré rue Notre-Dame.

À cause de COVID19, le groupe sera limité à 10 personnes. Une participation aux frais de 5 euro par personne est demandée sur place. La langue de la visite se décide spontanément selon les besoins des personnes intéressées. Première visite: samedi, le 17 juillet, dernière visite: samedi, le 21 août, 11.30 hrs, entrée principale rue Notre-Dame.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement