fr lb

Ufro fir een Daf-/Firmschäin

Fir een Daf- resp. Firmschäin ze kréien, kuckt wgl op der Internetsäit vun der Kathoulesch Kierch vu Lëtzebuerg a wéi enger Par dir dës Informatioun kënnt ufroen.


OPGEPASST

Mir kënnen iech just een Daf-/Firmschäin ausstellen, wann dir an enger vun deene follgende Kierchen oder Kapelle gedeeft oder gefirmt gi sidd:

Chrëschtnech, Kruuchten, Iermsdref, Iernzen,
Eppelduerf, Glabech, Haler, Hiefenech, Fiels,
Miedernach, Noumer, Reiland, Schrondweiler,
Steeën a Waldbëlleg.


Dir erreecht eis am Parbüro oder iwwer Mail Par Mëllerdall St Michel.
De Parbüro ass op vu méindes bis freides, ausser donneschdes, vun 8.30 - 11.30 Auer.

Fir den Extrait kënnen auszestellen, brauche mir folgend Informatiounen:

  • Numm a Virnumm
  • Gebuertsdag an -uert
  • Dafdatum (Joer) an/oder Uertschaft, resp. deen Datum an d’Uertschaft vun der Firmung;
  • eng Address wou mir den Extrait kënnen hischécken.

Info: Den Extrait ass nëmme 6 Méint laang gülteg.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement