|
|
lb fr
Stonneplang Kateches 2020-21Kateches 2020-21Wéinst der Covid-19 Pandemie huet d’Pastoralequipe beschloss, datt d’Kanner a Gruppe pro Gemeng agedeelt ginn. Wann elo e Kand an der enger Gemeng wunnt an awer an enger anerer Gemeng an d’Schoul geet, da geet et an déi respektiv Grupp wou hat an d’Schoul geet. Wann dir äert d’Kand nach wëllt umelle fir d’Kateches, da kontaktéiert wegl de Parbüro oder schéckt eis den Umelldungsformular esou séier wéi méiglech eran. Den Umelldungsformular fannt dir ënnert der Rublrik “Nouvelle inscription”. D’Aschreiwung an d’Kateches an och d’réigelméisseg Deelhuelen un de Coursen wärend 3 Joer ass d’Bedingung fir d’Kommioun kënnen ze maachen. |


