Masse bestellen

Massintentiounen:

Fir Massintentiounen ze bestellen hutt dir verschidde Méiglechkeeten:

  • dir kommt am Parbüro laanscht;
  • dir ruft am Parbüro un (Tel: 83 70 91);
  • dir schéckt eng Mail un mellerdall cathol.lu;
  • dir fëllt d“Fiche Massebestellung” aus a schéckt se mat der Post oder per Mail;
  • dir iwwerweist Suen op de Kont BCEE LU 02 0019 5055 7220 7000 - Kierchefong C.T. / Mëllerdall
  • Bei enger Mail oder bei enger Iwwerweisung, vergiest wegl net folgend Informatiounen unzeginn:
  • Numm + Virnumm, fir deen d’Mass soll gehale ginn;
  • d’Uertschaft, wou d’Mass soll gehale ginn;
  • eventuel een Datum (woubäi mir awer net kënne garantéieren, datt d’Mass deen Datum fir äre Verstuerwene gehale gëtt.

Käschtebäitrag:

  • fir eng um Weekend - entweder samschdes owes oder sonndes moies: 20 €;
  • fir eng Wiertesmass - vu méindes bis freides 10 €.
PDF 117.1 kB, 3. Oktober 2018
Fiche fir d’Bestellung vu Massen
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement