Paroisses
 

D’Kiermass vum 6. Februar 2016

Fir d’Kiermesmass vum 6. Februar sangen d’Sandra Heintz an d’Romaine Meyer d’ Missa Francisco Papape dedicata vum Pierre Schwickerath. Dës Mass, déi fir eng Gesangsstëmm an Uergel geschriwen ass, gouw schon e puer mol zu Betten opgefouert. Sie egent sech ganz besonnesch fir Paren, an deenen et ké Kierchechouer méi gëtt, a léist sech relativ einfach vun enger oder e puur Sängerinnen sangen.

D’Par vu Betten ass ganz besonnesch frou, dass se iwwer eng ganz gudd Bezéihung mam Chouer vu Schuller-Sprénkéng, ëmmer nees op dichteg Sängerinnen zrëck gréife kann, fir esou e Projet ze maachen.

Mir wëllen op dëser Platz, dem Chouer vu Schuller-Sprénkéng, an hierem ganz nosichtegem Dirigent e ganz grousse Merci fir dës wertvoll Zesummenaarbecht soen.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert