Paroisses
 

Chorale Sainte Cécile Ehleng op der Mess


D’Ufäng vun eiser Chorale ginn op d’Joer 1942 zréck. Do ass ënnert dem Impuls vum deemolege Paschtouer e Männerchouer entstanen, deem seng Aufgab et war, d’Massen ze verschéineren. Et hunn eng Dose Männer do matgesongen, vun deenen een och haut nach aktiv derbäi ass.

An de 70er Joeren ass aus deem renge Männerchouer e gemëschte Chouer ginn, deen sech awer eréischt 1991 Statute ginn huet.

Iwer 30 Joer guef de Chouer vum Här Paul Jacqué geleet, an durno vum Här Fernand Scheller.

Zënter August 2015 steet de Chouer ënnert der Leedung vun der Madame Sarah Pirrotte. Mir sinn am Ganzen 21 Sänger a Sängerinnen, 16 Dammen a 5 Hären ; a mir ginn op der Uergel begleet vum Här Léon Marx.

Als Kierchechouer, gestalte mir regelméisseg d’Sonndesmass an encadréieren Hochzäiten, Begriefnesser an all aner kierchlech Feierlechkeete mat eisem Gesank. Gesonge gëtt ofwiesselnd an de Kierche vu Reckeng, Ehleng a Lampech. Nieft deem kierchleche Programm studéiere mer och weltlech Stécker an a sange Concerte bei eis an auswäerts.

Eis Chorale riicht sech als Veräin u Leit vun all Alter. Mir sinn e gesellege Veräin, mir ënnerhuelen sou muenches zesummen a feieren d’Fester, wéi se falen. A mir zéien zesummen un engem Strack, fir eisem musikalesche Programm dee leschte Schlëff ze ginn. Nei Memberen si jidderzäit wëllkomm. Noute liesen ze kënnen hëlleft zwar, ass awer net Bedingung, fir opgeholl ze ginn. Wat virun allem zielt, ass Freed an Interessi um Chouergesank. Mir prouwe freides owes zu Ehleng an där fréierer Spillschoul.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert