Ehlange-sur-Mess

1523 gëtt schon eng Kapell zu Ehleng ernimmt.

1714 heescht et, datt d’Kapell an engem ganz schlechten Zoustand wier. Vun 1721 bis 1723 si Restauratiounsaarbechten un hir virgeholl ginn.

1802 gouf se ofgedroen a méi grouss rëm opgebaut. Den Neibau huet 1730,10 Frang kascht. 1856 ass d‘Kierch vergréissert ginn an huet déi Form kritt, wéi mir se haut kennen.

1966 bis 1971 ass d‘Kierch restauréiert ginn a vun 2004-2005 bannen a bausse frësch ugestrach ginn.

Et ass eng barock Kierch, déi aus engem eenzege Schëff besteet.

Zënter 1863 ass Ehleng eng Por.

Den Haaptpatroun ass den Hellege Jakobus, de Niewepatroun den Hellege Willibrord. Vun dësem gesi mir baussen op der Fassade iwwer der Agangsdir eng Statu vum Kënschtler Hulten, déi 1949 opgestallt gouf.

Déi grouss Kiermes gëtt den 2. Sonndeg am November gefeiert. Et ass dëst den Dag vun der Aweiung vun der Kierch. Déi kleng Kiermes ass um Fest vum Hellege Jakobus, deen de lëschte Sonndeg am Juli gefeiert gëtt.

Am Chouer gesi mir dräi Altär am Barockstil.

Op dem lénke Säitenaltor ass ënnen eng Statu vum Hellegen Niklos vum Enn vum 15. Joerhonnert an eng vun der Helleger Katharina aus dem 18. Joerhonnert.

Op dem rietse Säiten altor ass ënnen eng Statu vum Hellege Jakobus an uewen eng vun der Helleger Barbara aus dem 18. Joerhonnert.

Um Haaptaltor ass ënnen eng Muttergottesstatu (Immaculata) aus dem 20. Joerhonnert an uewen eng Statu vum Hellege Jousef.

Zudeem ass e Reliquiar mat Relique vum Hellege Jakobus ze gesinn.

Ënnert der Muttergottesstatu ass den Tabernakel, deem seng Dir aus dem fréien 20. Joerhonnert staamt an e Pelikan weist.

Den neien Altor an den Ambo sinn aus Rémelenger Steen.

D’Kräiz, dat am Chouer steet, stoung beim Poopstbesuch vum Jean-Paul II an der Mass zu Esch/Belval.

Et ass aus Sëlwermessing a staamt aus dem spéiden 18. Joerhonnert.

De Kräizwee aus Bronze ass vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Bettina Sabatini.

Hannen an der Kierch fanne mir eng elektresch Uergel an en Dafsteen aus dem 18. Joerhonnert.

D’Fënstere si vum lëtzebuerger Glas- a Mosaik kënschtler Gustave Zanter.

Am Klackentuerm fanne mir 2 Klacken.

Déi grouss Klack dréit de Numm „Cornelius“ an ass 1746 vum Peter Ritter vun Eech gegoss ginn. Si weit 260 kg, ass 62 cm héich an op den Toun Do gestëmmt.

Déi kleng Klack heescht „Jakobus“, ass vun der Firma Mabilon am Joer 1953 gegoss ginn, weit 170 kg an ass 50 cm héich.

Zënter 1953 gi se elektresch gelaut.

De Kierfecht ass niewent der Kierch ugeluecht.

Am Duerf ginn et zwou Kapellen: eng fir den Hellege Jousef an eng fir d’Muttergottes.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement