Paroisses
 

Reckange-sur-Mess

D’Por Reckeng besteht schon 1000 Joër. Reckeng huet mat Réisseng eng Duebelpor gebild zu där 7 Dierfer gehéiert hunn: Reckeng, Réisseng, Betteng, Riedgen, Ehleng, Pisseng a Wickreng. Zënter 1808 gehéieren 3 Uertschaften zu der Por: Reckeng an d’Filiale Riedgen a Pisseng.

D’Kierch, déi vum Architekt Deitz vun Esch geplangt gouf, ass 1933-1934 gebaut ginn an Nord-Süd-Richtung.

Op dëser Plaatz stoung schon eng Kierch, déi an Ost-West-Richtung gedréit war.

D‘Reckenger Kierch ass am nei-romanesche Stil. Si huet eng einfach Form mat engem rechteckege Schëff an engem ugebaute Chouer.

Baussen op der Fassade gesi mir iwwer der Agangsdir e grousst stenge Kräiz vum Kënschtler Claus Cito vu Nidderkäerjeng.

De 26. September 1971 huet de Bëschof Jean Hengen d’Kierch konsekréiert.

D’barock Altär aus de Jore 1704 an 1705 stamen aus der aler Kierch. Si si vum Künstler Nikolaus Greef vun Altwies. An der ierwechter Nisch vum Haaptaltoer steet den Hellegen Hubertus. Dorënner virum Dréitabernakel d’Helleg Adelgundis. Uewen um lënken Niewenaltoer steet d’Helleg Barbara. Dorënner eng hëlze Muttergottesstatu, déi 1976 kaaft ginn ass. Um rietse Säitenaltoer sinn uewen den Hellegen Niklos an ënnen den Hellege Quirinus.

Iwwert dem Haaptaltoer hängt e Kräiz vum Künstler Ad Deville, dat bei der 50 Joerfeier vun 1983 ugeschaaft gouf.

De Chouer huet no uewen eng ronn Öffnung iwwert där eng kleng Kuppel ass.

Am Chouer gesäit ee grouss faarweg Fënsteren . Si si vun Enn der 60er Joren, wéi d’Kierch renovéiert ginn ass. Déi ronn Fënsteren am Chouer an am Schëff stellen déi véier Evangelisten duer. An de Fënsteren am Schëff ass ëmmer een Hellegen ze gesinn.

Als eenzeg Kierch zu Lëtzebuerg huet si d’Helleg Adelgundis als Haaptpatréinesch. Niewepatroun ass den Hellege Quirinus.

Well d’Fest vun der Adelgundis an de Wanter fällt (30. Januar) gëtt d’grouss Kiermes wéint dem Fest vum Hellege Quirinus (30. Abrëll) um leschte Sonndeg am Abrëll gefeiert.

Hannen an der Kierch steet eng Bronze-Statu vum Hellege Jousef vum Egino Weinert vu Köln, eng Uschafung aus dem Joer 1981.

Am hënneschten Deel vun der Kierch ass e klenge Raum, dee fréier als Dafkapell benotzt ginn ass.

Am Gitter vun der gliesener Dir gesi mir d’Symbol vum Waasser.

Op der Dir fir op den Ducksall si Solschlësselen a Nouten.

D’Uergel ass vun der Firma Schumacher vun Eupen. Si ass den 18. Mee 1996 ageweit ginn.

Am Tuerm vun der Kierch hänken 2 Klacken. Dës sinn 1920 vun der Firma Mabilon vu Saarburg gegoss ginn.

Déi grouss ass dem Hellegen Donatus geweit, ass 420 kg schwéier an op de Si (b) gestëmmt.

Déi kleng ass der Helleger Adelgundis geweit, ass 280 kg schwéier an ass op den Do gestëmmt.

Zënter 1953 ginn d’Klacken elektrësch gelaut.

De Kierfecht ëm d’Kierch gouf schon um Enn vum 19. Jorhonnert zougemaach.

En neie Kierfecht gouf am Südausgang vum Duerf ugeluecht.

Well an den aneren Diefer, déi zur Gemeng gehéieren keng Plaatz fir nei Griewer méi ass, entwéckelt sech de Reckenger Kierfecht zum Kierfecht fir d’ganz Gemeng.

Zu Reckeng gëtt et 3 Prëssiounskapellen an zu Pisseng eng kleng Kapell.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert