Schouweiler

Zu Schuller stoung eng Kapell aus dem Joer 1707, wou den ale Kierfecht ass. Haut steet nach e Kräiz op där Plaz, wou den Altor war. Dës Kapell ass 1883 ofgerappt ginn.

Zënter 1884 ass Schuller eng Por. Bis 1792 wor et eng Filial vun Duelem. Duerno wor et eng Filial vu Sprénkeng, wou d’Haaptkierch stoung. Zënter 1884 ass Schuller de Sëtz vum Paschtouer.

D’Kierch ass am Mäerz 2023 offiziell zur Parkierch vun der Par Mess-Réibierg Sainte-Famille erhuewe ginn.

Déi heiteg Kierch ass vun 1883-1885 gebaut ginn. Dës Joreszuelen sinn iwwert der Aganksdir agemiesselt.

De 17. November 1884 ass d’Kierch vum Bëschof Koppes konsekréiert ginn.

D’Haaptpatréinesch vun der Kierch ass d’Maria-Immaculata. Niewepatréiner sinn den Hellege Simeon an d’Helleg Lucia.

D’Kiermes gëtt um Dräifaltegkeetssonndeg gefeiert.

1932 ass eng Päifenuergel ugeschaf ginn.

1954-58 ass d’Sakristei méi grouss gemaach gi wéinst der Installatioun vun der Heizung.

1958 ass d‘Trap virun der Aganksdir erneiert ginn.

1959/60 ass de banneschte Raum renovéiert ginn.

Am Mee 1962 ass de Blëtz an den Tuerm ageschloen.

D’Kierch besteet aus engem eenzege Raum mat véier Béi.

Am Chouer stinn dräi neoromanesch-byzantinesch Altär.

Um Héichaltor gesäit een ënnen den Abraham, wéi en den Isaak affert, déi véier Evangelisten mat hire Symboler an de Jesus mat dem Moses an der Schlaang um Kräiz, als Zeeche vum Iwwerwanne vun der Sënd duerch Christus um Kräiz. Iwwert dësen Szenen ass den Tabernakel mat de griechesche Buschtawen Alpha an Omega souwéi Éigen an Drauwen als Symboler fir d’Eucharistie.

Um lénke Säitenaltor sinn ënnen den Evangelist Markus, e Mariemonogramm an den Evangelist Johannes. Uewe steet eng Muttergottesstatu als Immaculata.

Um rietse Säitenaltor sinn ënnen den Evangelist Matthäus, de Jesus mat der Weltkugel an den Evangelist Lukas. Driwwer steet eng Statu vum Jousef.
Nieft dem Haaptaltor steet lénks eng Statu vun der Helleger Lucia a riets eng vum Hellege Willibrord.

Hannen an der Kierch steet eng Häerz-Jesustatu an eng Muttergottesstatu.


D’Fënstere vum Jean Zanter aus dem Joer 1986 am Kiercheschëff sinn abstrakt. Am Chouer ginn et souwuel abstrakt wéi och figurativ Fënsteren.

Hei sinn dräi Szenen duergestallt :

d‘Verkënnegung duerch den Engel

d’Immaculata mam Draach zu hire Féiss an dem Hellege Geescht

d’Gebuert vum Jesus


De Kräizwee ass am Nazarenerstil.

Hannen um Dafstee fënnt een déi laténgesch Schrëft : „Unus Dominus, una fides, unum baptisma.“ (Eph 4,5)

Am Kiercheschëff sti véier Beichtstill.

Um Ducksall steet eng elektronesch Uergel, déi 1972 ageweit ginn ass.

Déi zwou Klacke stamen aus der aler Kapell a si 1742 zu Metz gegoss ginn.
Déi grouss Klack ass dem Greise Bëschof Simeon geweit, ass 380 kg schwéier a laut op den Toun Si (b).
Déi kleng Klack ass der Helleger Lucia geweit, huet 275 kg a laut op den Toun Do.
Vun 1960 un, ginn d’Klacken elektresch gelaut. Bis dohin houngen zwéi Klackeseeler um Ducksall am Klackenhaischen.

Um Tuerm gëtt et eng Auer, déi ee vun dräi Säiten aus gesäit. Dës ass 1960 vun der Mme Faber vu Schuller gestëft ginn.

Dat heitegt Paschtoueschhaus gouf der Kierchefabrik ënnert dem Paschtouer Demuth vun der Joffer Anna Meyers gestëft .

Zu Schuller ginn et zwee Kierfechter. Deen alen am Duerfkär, wou fréier d‘Kapell stoung, an deen neien an der Duelemerstrooss.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement