Paroisses
 

Rapport vun der éischter Sëtzung vum Begleedgrupp

1. Juni 2016 um 19:30 an der Kierch vun Dippech

Ongeféier 30 Persounen haten sech den 1. Juni 2016 an der Parkierch vun Dippech zesumme fonft. Et gouf bedauert, datt leider keen aus de Paren Garnich a Koler derbäi war (eventuell war och eis Informatioun nit gudd genuch).

Fir d’éischt gouf iwwert Problematik Kierchegebeier a Kierchefabriken diskutéiert. Hei krute mir eng Rei zousätzlech Erklärungen vun den Häre Paschtéier Tom Kerger a Paul Muller.
D’Ängscht virum Ongewessen fir d’Zukunft goufen thematiséiert
Mir krute matgedeelt, datt wahrscheinlech den 31. Dezember 2016 um 24:00 déi jetzeg Paren opgeléisst solle ginn an den 1. Januar um 0:00 déi Nei Paren ernannt ginn.

Mir hu gekuckt wat an eise Paren schons funktionnéiert a beibehale soll ginn (och wann nach nit feststeet ënnert wat fir enger Form dat an der Zukunft soll sinn)
° Blumenéquipe zu Schuller
° Lëscht mat Program vun de Lektoren
° Koschteren an de verschidden Kierchen
° Leit, déi d’Kierch op- an zousperren
° Massendéngeréquipen
° Besuch bei eisen alen an/oder kranke Matchrëschten
° Choralen an dene verschidden Paren

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert