Paroisses
 

Sëtzung vum 04.07.2016 vum Begleedgrupp am Kader vun der « Neier Par »

2. Sëtzung vum 4.7.2016 um 19:30 Auer zu Dippech

16 Persounen waren do

Virliese vum éischte Rapport : hei huet Suggestioun fir eng Butzekatechese gefeelt ; dës soll am September ufänken. Jidereen deen hei matmaache wëll, soll sech bei der Parassistentin mellen.
Liese vum Evangelium : Lk 10,1-12.17-20 an eng kuerz Erklärung derzou vum Paschtouer Muller.
Diskussioun iwwert d’Fro : Kierch wierkt an d’Gesellschaft eran : wat ass eise Beitrag an der Par ?
° Parblad als Informatioun iwwert eis Paren eraus
°eis Aufgab ass et ze versichen esou gudd et geet no der Bibel ze liewen, fir Jesus, fir d’Famill, fir d’Gesellschaft…
° d’Räich vum Härgott verkënegen, nit an der Kierch sëtze bleiwe, mee eraus goen – hei goufen vill Méiglechkeeten duerchdiskutéiert wéi z.B. : op d’Leit, Noperen, Jugend…. duergoen an uschwätzen, d’Mënschen do ofhuele, wou si sinn oder der Jugend Aufgabe ginn, erëm Relatioune mat eise Matmënschen opbauen, eise Matmënsche Respekt an Unerkennung ginn…..
Gi mir eng Par, wéi strukturéiere mir äis, wéini fänkt d’Par un, wéi heescht sie… ?
° D‘Dierfer sti fest, awer nit wéivill a wien als Paschtouer
° mir hunn 8 Parkierchen :
Gemeng Garnech : Garnech a Koler
Gemeng Dippech : Dippech, Schuller a Betteng
Gemeng Reckeng : Reckeng, Ehleng an Lampech
° dann hu mir nach Filialkierchen :
Sprénkéng, Duelem, Héiweng a Riedgen

Wéi eng Kierche si grouss a leien zentral :
Garnech a Schuller
Zu Garnech hu mir e Sall, dee gebraucht däerf ginn an zu Schuller hu mir den Home, deen der Par gehéiert, och hu mir zu Schuller e Paschtoueschhaus, dat der Kierch gehéiert
Zentralkierch a Paschtoueschhaus mussen nit an dem selwechten Duerf sinn
An der Zentralkierch soll eng fest Mass sinn, mee et ass och méiglech an enger Kierch all Samsdeg an an der anerer Kierch all Sonndeg ; och an deenen anere Kierchen solle reliéis Aktivitéite sinn, nit nëmme Massen : Duerfir brauche mir Leit
Aufgab : e gemeinsame Numm sichen an enG HellegEn sichen a Begrënnung duerzou : z.B : Par „Réibierg“, nom héichste Punkt vun der neier Par oder Par „de Rohlemer“ nom Flouernumm vun Duelem bis op Dippecher Gare….
Den oder Déi Helleg soll eppes mat äis ze dinn hunn oder e Bezuch mat Haut hunn ; et soll eng Bréck sinn
Z.B : Mir hunn e gemeinsamen Hellegen an der Vergangeheet : Par Remigius (Saint Rémi)

Da gouf nach de Virschlag gemeet äis gegensäiteg z‘invitéiere fir äis besser Kennen ze léieren an hei gouf de Virschlag gemeet,
Sonndes, de 25. September zu Garnech unzefänken.

Déi nächst Versammlung ass Dënsdes, den 20. September um 19:30 Auer zu Garnech an der Kierch.

D’Rapport’e ginn am Parblad veröffentlecht, dat vun elo un, an alle Kierche vun der Neier Par ausgeluecht gëtt.

Da fann dir all Informatiounen um Site : http://web.cathol.lu/990/paroisses/porverband-vun-der-mess/.
(Eis Publikatioune kënne mir aus techneschen Uersaache bis elo just hei maachen). Dir kënnt och hei profitéiere fir mat äis ze diskutéieren. Dir däerft awer och äis, de Paschtéier an der Parassistentin, Emaile schécken, äis uruffen oder äis uschwätzen.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert