Paroisses
 

Sëtzung vum 14 Dezember 2016

Rapport vum 14.12.16 um 20:00 Auer zu Dippech an der Kierch
Présent 13, ofgemeld : 7 Persounen
Zu Koler ass d’Madame ???
Dippech : Diren opmaachen : Här Johanns
Bloumen : Mad. Karier
Wäsch : Mad. Bourg
Garnich : Dir, Bloumen, Gesank, Wäsch : Mad. Marx
Zousperren : Mad. Franck
Mad Godelet
Duelem : Dir op an zou, Heizumg, botzen : Här Leo Dondelinger
Heiweng : keen
Aféierung mam Här Paschtouer Paul Müller
Ziedele fir de Patréiner vun der Neier Par : 143 ausgefëllten Ziedelen : 88 fir d’Helleg Famill ; 33 fir de Johannes den Deefer an 22 fir Mutter Teresa
Den Zukunftsbréif soll bis den 31. Dezember beim Bëschof sinn.
Ressourcen :
Chrëschtlech Liewe gestalten : ° regelméisseg minimum 1 Mass d’Woch
° Härläichendagsprozessioun mat Gelübde an 1x mat de Kommiounskanner
° Familljemass 1x/Mount mat Katechese vun de Kanner vun4 Joer bis d‘Kommioun
Kommiounsvirbereedung mat eenzelen Etappe mat 3 Kommiounen
Garnich 9 Kanner
Reckeng 17 Kanner
Schuller 27 Kanner
Kierchlech Fester gi gefeiert
Kierchejoer gëtt gefeiert an d’Kierche ginn och deem enspriechend gerëscht
Adventzäit a Faaschtenzäit gëtt besonnesch organiséiert
Verschidde Chéier schaffen zesummen
Roratemassen am Advent
1x/Woch Ubiedung zu Koler
1x/Mount Rousenkranz op portugiesich
Jugendbegleedung fir Jugendlech vu 15 Joer u mat ënnerwee Virbereedung op Firmung an/oder Daf a Kommioun
Am Joer 2017 Daf vun 8 Kanner tëschend 5 an 8 Joer mat Virbereedung
Liturgie muss soignéiert ginn, Saache sollen zesumme gemeet ginn
Visuelles ass wichteg : punktuell : z.B. : Advent : Rous, Wuurzel,… oder Buedembiller
Lektoren
Massendénger

Sozial :
Besuch bei alen oder kranke Leit
Kommioun bei d‘Leit brengen
„Stadt Gottes“ oder „Missio“ ausdeelen
Leit siche goen an Heem brengen
Parblad ausdeelen
Artikele schreiwen
Internetsite

Wichteg : mat de Leit schwetzen
Projeten :
Projeten déi lafen, Jugendbegleedung, Familljemass, … sollen ausgebaut ginn
Vu September un : Virbereedung an der Grupp fir Bestiednësser ; duerno solle sech d’Gruppen 1x/1oder 2 Méint treffen ; spéider Virbereedung fir op Daf etc.
Jidereen, dee wëll, soll vun der Daf bis zum Doud begleed kënne ginn a Méiglechkeete kréie fir sech reliéis auszetauschen
Kierchepad tëscht Duelem an Dippech

Wënsch :
Déi verschidde Kommunautéite sollen zesumme schaffen
Wa mir Gebäier erhale kënnen, soll eppes dra stattfannen
Intergenerationnell Katechese
Ängscht :
Kritt een als kleng „aal“ Por nach eng Mass  Zuehl vun de Massen hänkt vun der personeller Entwécklung of
Kirmessen ?  ginn am neie Parrot beschwaat
Cäeciliendag etc.
Eis Chéier : verschwannen déi oder…, doduerch gëtt hir Gemeinschaft verluer :  D’Chorale solle verschidde Festivitéiten zesumme sangen, z.B. bei engem Begriefnis, Chrëschtmetten, Oktavmass, Gréngendonneschdeg, Ouschternuecht…
# elektronesch Anlag zu Garnich

Par an 10 Joer
Eng lieweg Kierch
Eppes bidde fir datt ee begeeschtert gëtt
Et ass schwéier an enger Mass alles ënnert een Hut ze kréien, duerfir :
participativ Massen
Jugendmassen
Marche à l’étoile
Concert mat Jonker aus allen Dierfer
Jonker mat Eeleren a Kontakt brengen
Flotte gemeinsamen Autausch
Katechese fir all Altersgruppen
Glawe weiderginn ass eng Saach vun äis all, vun der ganzer Gemeinschaft
Als Geiewege no bausse sichtbar sinn a fir d’Matmënschen do sinn
De Glawen als eppes wou een dra wiest

Den nächsten Datum ass Freides, de 27. Januar um 19:30 zu Dippech an der Kierch.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert