Paroisses
 

Sëtzung vum 16. November 2016

Setzung vum 16.11.2016 um 19:30 Auer zu Garnich
15 Leit présent a 4 entschëllegt

Den Här Dechen huet d‘Leit begréisst, duerno hu mir zesummen : „Auf der Straße…“ gebied an d’Lidd : „Herr, wir bitten…“ gesongen.
Hien huet e puer Erklärungen iwwer den Zufunftsbréif, Aufgaben, Decisiounen, etc. ginn.

D’Pare ginn am éischten Drëttel 2017 ofgeschaf a nit schons den éischte Januar.

D‘Parassistentin huet d’Leit genannt, déi sech entschëllegt hunn an d’Ännerung aus dem läschte Rapport matgedeelt.
„Zentrum“ soll nit heeschen, datt déi aner lues a lues ewechfalen
= do, wou jidereen am beeschte hikomme kann
Geographisch ass nit sou wichteg, mee et muss bescht méiglechst accessibel sinn fir all Uertschaft.

Iwwert de Numm vun der neier Par diskutéiert an décidéiert :
Par Mess-Réibierg
Gudd a kloer
ee vu baussen kann och eppes dermat ufänken

Kierch vun der Par :
Garnich ass frësch gemeet, mir komme riicht eran
Schuller läit zentral, mir hunn den Home fir d’Katechese en paroise
Mir mussen oppassen, datt d‘Leit sech am Projet zréckfannen
Paschtoueschhaus a Sekretariat zu Schuller
Garnich soll Parkierch a Schuller Familljekierch ginn
Nit alles soll zentraliséiert gi well d’Leit sech soss nit domat identifizéiere kënnen Liturgie op verschidde Plazen
Zwee Polen ; mir sinn eng Ellipse mat zwee Zentren-> a Reckeng ?
Wa mir Schuller, déi gewuesse Réalitéit sinn, da soll Garnich den Titel Parkierch kréien
Traureg, wann déi Garnicher Kierch näischt méi soll kréien
Unerkennung, déi verluer geet : et si lauter eenzel Parkierche geweescht
Wa keng Akzeptanz, da keng Mathëllef
Wat schwetzt dergéint fir dräi Haaptkierchen
De Parverband ass scho laang um Wee, elo kommen zwou Paren derbäi, sollen awer keen Unhängsel ginn

Parkierch : wat bedeit dat ?
Kierch wou regelméisseg all Sonndeg Mass ass
An der Parkierch sollen déi wichtegst Fester gefeiert ginn
Kann een d‘Parkierch nit all Joer änneren ?-> NEEN
Mir mussen iwwert d‘Kierche schwetzen a wësse nit wat dermat geschidd = sëcher ass datt d‘ Kierche Kultusgebäier bleiwen, och wann d‘Propriétairesverhältnisser nach nit geklärt sinn
E Priester kann dräi Massen de Weekend feieren, duerno ass et nëmme nach eng Aarbecht,z.B : eng Samsdes an zwou Sonndesmoies ; Sonndesowes ass eppes aneschters
Den Dekanat bleiwt bestoe bis d’Paren opgeléisst ginn ; och d‘Paschtéier mussen da nei genannt ginn
Kommioune ginn dëst Joer nach ofgehal wéi emmer
Mir koumen zu kenger Décisioun a kruten mat als Hausaufgab äis ganz konkret Punkte fir déi eng oder aner Kierch ze notéieren

Zukunftsbréif
Visiounen, Erwaardungen, Ängschte sollen dra stoen
2 oder 3 Leit schreiwen eppes, déi aner sollen da drun ännere goen
Jidderee schreift a kuerze Stéchwieder wat him wichteg ass
Eis Iddien an Erwaardunge wéi d‘Kierch lokal funtionnéiere soll
A grousse Line wat äis wichteg ass – op 10 Joer denken
Kraaftquellen aus deene mir liewen
Liturgie, Diakonie….

Hellege fir d‘Par
Virgelies déi mir bis elo haten
Helleg Famill
Johannes XXIII, Jean-Paul II oder Mutter Teresa
Kucke mir historisch, thematisch, soll den Hellege Program ginn
Et wär nit gudd, wann der vill am Land de selwechten Hellegen hätten
Keng nei Titelen fir Maria

Mir maachen eng Lëscht mat dräi Helleger op en Ziedel, dee mir mat an d’Kierch huelen an do verdeelen. D‘Leit kréien den Ziedel a sollen een ukräizen.D’Leit sollen d’Gelegenheet hunn, och matzebestëmmen. D’Ziedele ginn de Weekend vum 4. Dezember ausgedeelt an de Weekend vum 11. Dezember erëm agesammelt. D’Paschtéier erklären déi Helleg an der Mass a no der Mass ginn d’Ziedelen ausgedeelt.
Mir hunn äis fir 6 Helleger déicidéiert an ofgestëmmt : et si bliwen fir op den Ziedel : d’Helleg Famill, de Johannes den Deefer an d’Mutter Teresa.

Wann déi Nei Par ufänkt, musse mir villes zesumme maachen. Gudd wären Aktivitéiten, wou ee sech ka kenneléieren : Kierchetour ; e Patt zesummen drénken, matenee schwetzen, Kierchepad als Meditatiounswee maachen, …
Als Grupp gëtt een e Bild no baussen ; et brauch een awer e motivéiert Team hannendrun.

Duerno gouf et nach e puer Explikatiounen iwwert de Grupp Katechese an de Kierchepad. Déi Leit, déi hei wëlle mathëllefe sollen sech bei der Parassistentin mellen.

De nächsten Datum ass de 14. Dezember um 19:30 Auer zu Dippech.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert