![]() |
Sëtzung vum 27. Januar 2017Rapport vum 27.01.17 um 19:30 Auer zu Dippech an der Kierch Et waren 23 Persounen do. De Paschtouer Paul Muller huet Begréissung gemeet an d’Evangelium vum Dag geliess : Mk 4, 23-36 Den Dechen Tom Kerger huet den Zukunftsbréif ausgedeelt a virgeliess, deen op Grond vun de Reflexiounen vun der läschter Versammlung virbereed gouf. Déi Nei Paren sollen de 7. Mee ufänken, um éishten Oktavsonndeg. An der Traditioun vun der lëtzebuerger Kierch goufen op dësem Dag wichteg historisch Schrëtt gemeet ; d.h. : de 6.05. um 23:59 Auer ginn d’Paren all opgeléisst an den 7.05. um 0:00 Auer fänken déi NEI Paren hir Aarbecht hunn. An de Pilgermassen kréien déi eenzel Paren den Dekret offiziell iwwerreecht. Et ännert 2017 och näischt un den Datumer vun den éischt Kommiounen an eisen Dierfer. Den zukünftege Masseprogram gouf diskutéiert an et gouf festgehal datt Parassistentin zwee Virschléi un d’Membren mailt an datt dorpshin an der nächster Versammlung eng Décisioun geholl soll ginn. Nächst Versammlung ass den 8. März um 19:30 zu Garnich |