Impuls vum 15.Dezember 2020

Dat bekannte lëtzebuerger Chrëschtdagslidd « An der grousser Helljer Nuecht » soll äis astëmmen op eis Aktioun « 1000 Engele fir Hellegowend ».
Esou wéi am Lidd, wat mir elo grad héieren hunn a wat dir och vläicht matgesongen hudd, sollen an eiser Par „ An der grousser Helljer Nuecht 1000 Engele Wuecht halen“ .
Hei ënnendrënner fannt Dir eng Adresse, wou et vill flott Iddie gëtt fir Engelen ze bastelen. Déi meescht si séier gemaach a gesi ganz schéin aus. Vläicht hudd Dir awer méi eng flott Iddi, da kënnt Dir och gären aner Engele bastelen. Et ass och egal ob si fir ze stoen oder ze hänke sinn. Wichteg ass, dass si net ze grouss sinn. Mir wëllen se fir d‘Chrëschtzaït an de Kierchen ophänken oder opstellen.
Wann Dir Är Engele gebastelt hudd, da bréngt se op Baastenduerf, Housen, Houschent oder op Veianen an d‘Kierch bei d‘Katechesesaachen bis spéitstens den 22.Dezember um 18h00. MERCI fir d‘Matmaachen.
Engel basteln - Engel aus verschiedenen Materialien basteln (kikisweb.de)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement