Priedegt vum Weibëschof Mgr Leo Wagener bei der Eröffnungsmass

Léif Frënn,

Ech wees net, ob Dir schonn d’Geleeënheet hat fir déi kuckeswäert Collégiale Sainte-Waudru zu Mons an der Belscht ze besichtigen ? Falls net, an dir sidd an deem Eck, maacht dat unbedingt.

Do gëtt et ënner anerem eng wonnerschéin Statu aus Alabaster déi d’Hoffnung duerstellt. D’Hoffnung ass personifizéiert an enger eleganter jonker Fra, déi no uewen an den Himmel opkuckt.

Déi laang riets Hand hält si och no uewen an déi lénks Hand weist op de Buedem. Virun hir steet e mächtegen Anker, dee mat hir eng Eenheet bild.

De Sculpteur huet ganz gutt erfaast ëm wat et bei der Hoffnung geet. D’Hand déi no ënne weist stellt menger Meenung no eist Liewen duer mat all deem, wat äis kann no ënnen zéien. Eist Liewen huet jo Gott sei Dank vill roueg Deeg, wou alles engerermoossen normal ofleet.

Mee et gëtt eben och aner Erfahrungen : däer, déi wéi eng méi oder manner grouss Katastroph an eist Liewen abreechen : eng Krankheet, déi alles anescht wéi harmlos ass, een Doudesfall, iwwert deen een net richteg wegkënnt, ee Stot, deen ausernee brécht oder wéi elo kierzlech : eng furchtbar Iwwerschwemmung, déi een bis un de Rand vun der Verzeiflung ka bréngen. A villes méi.

Esou laang wéi et d’Menschheet gët, esou laang gëtt et och Erfahrungen vu Leed a Misär, Momenter, wou een d’Hand fale léisst, wou ee mengt, et hätt ee keng Kraaft méi fir no vir ze goen, wou een all Halt a feste Buedem ënnert de Féiss verluer huet.

Glécklech déi, déi sech dann net opginn, mee no engem Anker sichen un deem si sech kënne festhalen.

Esou Ankeren, déi engem Courage an Hoffnung ginn kënne Mensche sinn. Mir sinn dach all impressionnéiert, wéi an der Äifel an un der Ahr dausenden an dausenden vun Menschen hir Hëllef ugebueden hunn fir de Sinistréierten ënnert d’Ärm ze gräifen.

Ech war och selwer sonndes no den Iwwerschwemmungen bei äis am Land mam Velo op Iechternach, op Steenem an op Rouspert gefuer fir mat de Leit ze schwätzen. Eng etlech waren och dräi deeg no den Iwwerschwemmungen am gaang de Knascht an de Müll aus hiren Häiser raus ze bréngen.

E Mann huet mech ganz beréiert. Hien war am gaang mat der Schubkar Geräsch aus engem Haus an de Container ze féieren. Hien war wéi apathesch. Hien sot, hien géif zënter zënter 3 Deeg nach just wéi e Roboter funktionéieren, ouni nozedenken. Hien wir um Enn.

Mee wat hien an der Riicht gehal hätt, dat wiren déi vill Menschen gewiescht, déi op emol do gewiescht wieren an déi him gehollef hunn d’Haus ze raumen.

„Ech wees mol net wéi se heeschen“, sot hien. „Mir hu just eis Handynummeren ausgetosch a wann dat hei riwwer ass, da gesi mir äis nach emol fir ze schwätzen an e Patt ze drenken.“

D’Hoffnung dréckt sech aus durch Menschen, déi net virum Misär fortlafen, mee déi am Misär bleiwen, déi sech d’Féiss naas an d’Hänn knaschteg maachen.

Esou ee Mensch vun Hoffnung huet eis de Jesus och an der Persoun vu senger Mamm, der Muttergottes Maria ginn.

Mir hu si am Evangelium op der Hochzäit zu Kana gesinn, wéi si hëlleft eng Situatioun vu Manktem, déi zu enger grousser Blamage an domatt zu engem bleiwende soziale Schuet fir d’Hochzäitskoppel gefouert hätt, ze dréinen.

Fir am Bild vun der Hoffnungsstatu vu Mons ze bleiwen, kinnt ee soen, datt si mat enger Hand op de Buedem weist, op de Manktem : „Si hu kee Wäin méi“ . A mat der anerer Hand weist si op de Jesus, op deen, vun deem en Auswee kënnt : „Wat hien Iech seet, dat maacht.“

Op der Hochzäit vu Kana gëtt schonn däitlech wat Maria fir d’Kierch ass : nämlech d’Frau vun Hoffnung.

Si hëlt anuecht, wou bei äis de Schong dréckt. Si huet ëmmer eng Hand zu äis gekéiert, zu deem, wat äis belaascht a Suerge mécht.

A si weist mat der anerer Hand no uewen, hin zu hirem Jong Jesus. Duerch hien geschitt eng Wandlung. Duerch hien ginn nei Méiglechkeeten op.
Duerch hien leeft d’Menschheet net an d’Eidelt eran mee an d’Fülle vum Liewen fir déi de nei Wäin steet.

Maria gëtt zu Kana Zeien vun dëser Hoffnung, déi duerch de Jesus kënnt. Ennert dem Kräiz gëtt si mé : si gëtt do zum Anker vun der Hoffnung fir d’Kierch.

Si stellt sech nämlech dem Misär vun hirem Jong, deen zu hirem eegene gëtt. Si hält aus a leeft net fort. Hoffnung kënnt duerch déi, déi bleiwen.

Wa mir si nom Karfreideg am Gebiet zu Jerusalem rëmfannen, dann ass dat een Ausdrock vun hirer Hoffnung, datt d’Liewe vum Jesus net ausgeläscht ass.

Ween keen Hoffnung huet, biet net. Hir Hoffnung ass déi, datt am gréisste Leed den Herrgott wierkt an datt et e läschte Sënn gëtt, och an deemwat mir als sënnlos ëmfannen.

Et gëtt e Gehalesinn vum Herrgott, wann all aneres wegschwëmmt. Maria hofft an der Hoffnungslosegkeet. Si hofft beim Dout vum Jesus op säi Liewen. Méi radikal kann Hoffnung net sinn.

Dësen Anker vu radikaler Hoffnung huet Christus um Kräiz der Kierch geschenkt, fir datt mir äis un hir orientéieren.

Vertraue mir äis dofir hir haut eist Liewen nei un. Vertraue mir hir eis Krankheeten un, eis Schwieregkeete mat Menschen, mat der Aarbecht, eis Suergen an der Famill, eis aarm Lëtzebuerger Kierch.

Grad hei ruffe mir Maria u mat dem Titel Heil der Kranken. A mir bieden zu hir als Mutter der Barmherzigkeit.

Als Mamm vun der Baarmherzegkeet huet si hir Hand zu eis gekéiert, als Heil der Kranken, weist si no uewen op Christus, vun deem all Heel kënnt.

Maria, Anker vun der Hoffnung. Léier äis hoffen wéi’s Du. Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement