Liens . Links

Liewen an der Par

 

Réckbléck, Videon a Fotoë vun Aktivitéiten

An dëser Rubrique fand Dir Fotoen aus dem Parliewen vun der Par Parc Our St Nicolas

Réckbléck op d’Oktave 2020

Well et dëst Joer net méiglech war als Par an d’Kathedral ze pilgeren, hate mir de Projet
„Mir setzen ee grousse Rousekranz zesummen“ .
Hei ënnendrënner fannt Dir, wann Dir op d’Bild klikkt", Fotoe vun deene verschidden Rousekränz, déi aus Gebietspärelen vun de Kanner a vun den Erwuessenen zesummegesat gi waren, an aus der Pilgermass vum Dekanat Norden. Dir gesidd och do, wéi de Kardinol Jean-Claude Hollerich de Rousekranz, an domatt all Uleies vun eiser Par, seent.
Dee Rousekranz, dee mir mat an d’Kathedral hate, war zesummegesat aus je engem Gesätz vu Bastenduerf, Housen a Veianen , aus engem Gesätz aus dem Fleegeheem „Schlassbléck“ a Pärelen aus dem Sanatorium . Duerch d’Ketten si mir alleguer mateneen verbonnen an am Kräiz ass et Jesus Christus, dee virop geet.

Fotoen vum grousse Rousekranz
Fotoen: Sr Claudine Draut, Gaby Heger, Nicole Kleer a Serge Feltes ( Kathedral)

Réckbléck op d’Sprangprëssessioun 2020

Photo: Willibrordus Bauverein

An Zesummenhang mat der Sprangprëssessioun hate mir gefrot fir Bäiträg eranzeschécken. Mat allen Dokumenter a Biller hu mir ee Video zesummegestallt

Hei ass de Link zum Video, dee mat Hëllef vun de Bewunner aus dem Fleegeheem “Schlassbléck” zu Veianen an de Kanner aus de Katechesegruppen, zesummegestallt ginn ass. Hinnen alleguer villmools Merci fir d’Matmaachen.


Virtuell Härläicheprëssessioun 2020

Blummenteppech zu Houschent 2020
Foto: Sr Claudine Draut

Wéinst der Coronakris war et dëst Joer leider och net méiglech eng Härlaichepressessioun ofzehalen.Dofir hu mir eng virtuell Prëssessioun organiséiert . Hei fannt Dir de Video.Vill Spaass beim Kukken.


Eng flott Initiative vun de Fraen a Mammen Yolande vu Veianen

Well d’ Prëssessiunn béi d’Bildchen a béi d’Fatima och dem Coronavirus zum Ofer gefall ass, honn d’Fraen a Mammen en virtuell Prëssessiunn duerch de Bildchensbësch gestallt.
All Muttergottesstatu a Sanctuaire guf floral dekoriert mat, als krinnenden Ofschloss, e Bloumentapis, dän Hoffnung, esperança soll ousdrëcken.

Merci alle Bedäligten

Text a Fotoe: Gaby Heger

Fotoe vun der „virtueller Prëssessioun“ fannt Dir, wann Dir op d’Bild hei ënnendrenner klikkt:

Virtuell Prëssessioun duerch de Bildchensbësch
Fotoë Gaby Heger
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement