Die allerschönsten Gebete für Kinder.


Home Back Print Kontakt

Wann dir fir Chrëschtdag ee Geschenk fir Kanner braucht, dat och eppes mat eisem Glawen a mat eiser Relioun ze dinn huet, da géif ech iech dëst Buch vum Judith Vonderau un d’Häerz leeën. D’Buch besteet aus 8 Kapitelen an deckt domat ganz vill Säiten vun eisem Glawen of.

Am éischte Kapitel (S. 10-75) si ganz vill Gebieder ofgedréckt fir all méiglech Geleeënheeten a Situatiounen. Hei fënnt een Seegensgebieder, Dëschgebieder awer och Gebieder a Situatiounen, wou een Trouscht brauch, oder wou een an Trauer ass. Mä och klassesch Gebieder aus der Massliturgie sinn am Buch, sou dass een op eng einfach Manéier des Gebieder doheem ka léieren a gebrauchen.

Dat zweet Kapitel (S. 76-97) besteet aus enger kuerzer a ganz informativer Aféierung an déi grouss a bedeitend Fester am Kierchejoer. Des Texter sinn net nëmme fir Kanner ganz passend, mä si ginn och Erwuessenen an Elteren ee gudden Hiweis, wat d’Bedeitung vu de Feieren an eiser kierchlecher Gemeinschaft ass.

Duerno sinn am Buch op de Säiten 100 bis 115 zéng bekannte Kannerlidder mat Text an Nouten präsentéiert. Dat kann als kleng Ureegung gëllen, fir och emol erëm an der Famill dat eent oder anert Lidd mat de Kanner ze sangen.

Ab Säit 116 sinn dann an zwee Abschnitter wichteg Erzielungen aus der Bibel of-gedréckt. Dëst ass natierlech nëmmen eng ganz begrenzten Auswahl u Bibeltexter. An awer ginn si vläicht den Impuls emol an eng méi grouss Kannerbibel eran ze kucken oder esouguer an eng komplett Bibel. Fir een éischt Eruféieren vu Kanner un d’Bibel sinn si op alle Fall gutt gëeegent.

Vun der Säit 161 un sinn dann bis d’Säit 181 eenzel markant Versen aus der Bibel präsentéiert. Des Sätz si sécherlech net all direkt verständlech fir Kanner. Awer ech hunn den Androck, dass si sollen och d’Elteren ureegen mat hire Kanner doriwwer ze schwätzen an hinnen dann dëst an dat ze erklären. A mengen Aen ass et schonn eng ganz wäertvoll Iddie an hëlleft mat Sécherheet fir doheem eng Aart Kateches mat de Kanner ze maachen.

An engem 7. Kapitel ginn Bastelureegungen gebueden. Gewosst ass, dass Kanner duerchaus jo Spaass drun hunn fir eppes ze bastelen. Firwat soll een net och mol ee Gebietswürfel mat hinne maachen oder ee Schutzengelunhänger?

Dat lescht Kapitel ass iwwerschriwwen: „Unsere eigenen Gebete für die ganze Familie.“ Hei ass am Buch Platz gelooss, fir selwer eppes eranzeschreiwen, wat een als Gebiet viru Gott wëll bréngen. Hei kann een deemno selwer nach eng Kéier kreativ ginn.

Wéi ech fannen, ass dëst Buch wierklech gutt a kann eis ureegen an enger Zäit, wou jo Villes vun eiser kierchlecher Traditioun am Wandel ass, emol rëm eng Kéier nei mat de Kanner iwwer eise Glawen nozedenken. Et kann och Elteren nei ureegen, fir sech mat deem Glawen ausenaner ze setzen

Carlo Morbach


Judith Vonderau: Die allerschönsten Gebete für Kinder. Mit Liedern von Gott und Geschichten aus der Bibel. Illustriert von Katrina Lange CAMINO Verlag Katholisches Bibelwerk , Stuttgart 2022, 208 Seiten, 24,95 €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement