Die hohe Kunst des Alterns. Kleine Philosophie des guten Lebens

Otfried Höffe


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Wann dir dës Zeile liest, dann hal dir eist Parblat fir den November an der Hand. Wéi mir all wëssen, ass dëse Mount ageleet duerch déi nach ëmmer ganz grouss Deeg vun Allerhellgen an Allerséilen. Mir denken hei, ganz mënschlech gesinn, un eis Vergänglechkeet an dëser Welt. Jiddereen vun eis gëtt als Mënsch um Nullpunkt gebueren an kéiert iergendwann zu dësem Nullpunkt zeréck (Vgl. Höffe S. 175) Mir denken hei ganz konkret dorunner, wéi et jo op Äschermëttwoch heescht: „Gedenke Mensch, dass du Staub bist und zum Staub zurückkehren wirst.“ Kee vun eis wëll al ginn. Kee wëll stierwen. An dach ass et dat sécherst, wat et gëtt. Den Otfried Höffe huet sech an sengem héicheloquenten Buch mat dem Alter vum Mënsch a mat sengem Enn ausenaner gesat. Ech war duerch Zoufall op dëst Buch gestouss an hunn et kaaft, well ech den Höffe als jonke Student deemools héieren hunn virun 37 Joer. Seng Gedanken hu mech extreemst faszinéiert, well si eben ee Beräich betreffen, deen eis all nawell esou munch Gedanken, jo och Suerge mécht. Wéi geet dat mat mir, wann ech al ginn oder sinn? Wéi geet dat, wann ech dann dës Welt muss verloossen? Wéi kann ech a Würd al ginn a meng Joren sënnvoll genéissen? Wellech gesellschaftspolitesch Aufgaben waarden op eis an eisem Staat?
Ech hu scho laang keen esou een gudden a wuelduerchduechten Traktat iwwert esou ee brisant a wichtegt Thema gelies. Och wann den Otfried Höffe een héichgebildten Philosoph ass, sou schreift hien hei dach an enger ganz liicht verständlecher Sprooch. Dëst Buch wier eis allen ze empfeelen. Besonnesch awer missen all déi an eiser Gesellschaft, déi sech mat äälere Mënschen befaassen, dëst Buch als Flichtlektür duerchschaffen. Villes läit an eiser Gesellschaft zu Lëtzebuerg an och a ganz Westeuropa wuel trotz alle gudden Usätz am Béisen. Mir maachen eis ganz dacks kaum eeschthaft Gedanken, wéi een äälere Mënsch sech fillt a wellech Bedürfnisser hien wierklech huet. Dofir sief quasi als Quintessenz vun dësem Buch, sou wéi den Auteur et och selwer mecht, déi berühmte Gëlle Reegel, als Gëlle Reegel vun enger Sozialethik vum Alter ëmformuléiert: „Was du als Kind nicht willst, das man dir tu, das füg’ auch keinem Älteren zu!“ (S. 106) (Vgl. och S. 174) Wa jiddereen, deen sech ëm ääler Mënschen këmmert dee Saatz géif behäerzegen, da wier scho Villes gewonnen. Denke mir drun, mir all wëllen gutt behandelt ginn, wa mir net méi alles selwer hikréien. Dofir: „Man behandle die Hochbetagten so, wie man selber als Hochbetagter behandelt werden möchte.“ (S. 116) (vgl. och S. 133).
Otfried Höffe, Die hohe Kunst des Alterns. Kleine Philosophie des guten Lebens , C.H. Beck Verlag, München 2018, 187 Seiten, 18,- €.

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement