„Gotteswort, weiblich“

Wie heute zu Gott sprechen? Gebete, Psalmen und Lieder


Home Back Print Kontakt

Dat zweet Buch, wat ech iech haut wëll virstellen, beliicht nach eng aner Dimensioun vun eisem kierchlechen Handelen. Et muss ee lo net onbedengt alles eent zu eent, wat d’Autorin seet, iwwerhuelen. Awer dëst Buch reegt un, fir emol nei iwwer eis kierchlech Sprooch an och iwwer eist Handelen an der Kierch no ze denken. “Gotteswort, weiblich” wëll net einfach männlech Sproochmuster hin zu weiblechen änneren. Et geet der Autorin ëm eng allgemeng net-patriarchalesch Aart a Weis fir vun a mat Gott ze schwätzen. Eis reliéis Gewunnechten sinn zimmlech festgefuer an engen eis als Mënschen an eisem Denken a Schwätzen iwwer Gott an. Do ännert et natierlech och näischt, wann een op ee mol anstatt vu Kinnek an Herrscher vu Gott als Kinnigin an als Herrscherin géif schwätzen. Vu Gott dierfte mir net mat esou Begrëffer méi haut schwätzen. Si verleeden ëmmer nees an nach ëmmer zu Sexismus an Diskriminéierung. All déi Geschichten féieren dann och an eng Onfräiheet. Theologie a Relioun zilen awer op d’Fräiheet. Villfach mutéieren eis Gebieder an Uriede vu Gott zu eidelen Enveloppen (zu einer leeren Hülle). (Vgl. S. 15)

Eis Gebietssprooch an der Kierch, jo och eis Glawensformelen, eis Dogmatik sinn zum groussen Deel einfach diskriminéierend vis-à-vis vun der Hallschent vun der Mënschheet. Et kann net sinn, dass mir duerch eis Sprooch, déi ëmmerhin och eist Denken präägt, esou een Deel vun de Mënschen einfach an d’”Ausseits” setzen. “Wie wir von Gott sprechen, prägt auch, wie wir von Menschen denken.”(S. 31) Wann d’Sprooch, mat der mir iwwer dat Gëttlecht schwätzen, net iergendwéi iwwert enee ze bréngen ass mat der Sprooch vun eisem Liewen soss, da wäert et schwiereg ginn fir nach eng Liewensrelevanz vum Glawen ze fannen. (S. 34) D’Annette Jantzen huet ganz sécher mat dëser Feststellung Recht. Eis ofgehuewe Sprooch, eis Floskelen ouni Inhalt, déi onverständlech si fir d’Mënschen vun haut, bréngen näischt. Iwwer vill Joerzéngten, jo Joerhonnerten si Formelen auswenneg geléiert ginn. Jidder Schüler weess, dass een dat fir eng Prüfung oder en Examen esou ka maachen an zu engem bestëmmten Moment kann erausspäizen. Awer an d’Déift geet dat net. Grad haut gesi mir jo, wat do alles ugeriicht gouf an deene leschten Joerhonnerten an eiser Kierch. Mä dat musse mir erkennen. Et geet net duer a réimeschen Dokumenter ëmmer nëmmen „autoreferentiell“ déi al Kamellen ofzeschreiwen. Eng nei Sprooch, en neit Denken, déi der Welt vun haut ugepasst sinn an déi och endlech d’Fuerschung aus der Theologie, der Philosophie an der Wëssenschaft unerkennen an opgräifen, ass méi wéi noutwenneg.

Niewent theologeschen Iwwerleeungen bitt dëst interessant Buch eng ganz Rei vu Gebieder an Texter, déi hëllefe kënnen eng nei an eiser Zäit ugepasste Sprooch an der Kierch ze fannen. Des Texter kommen zum groussen Deel aus engem Internet-Blog, wou versicht gëtt fir all Sonndeg am Joer passend Angeboter fir Gebieder un ze bidden. Dëst Buch mécht Mutt, fir eis Gottesdéngscht nei ze beliewen mat Gebieder, déi perséinlech sinn, déi uspriechend an eis Zäit passen an déi eis erlaben méi offen a fräi ze denken iwwer Gott an iwwer eise Glawen.

Carlo Morbach


Annette Jantzen: „Gotteswort, weiblich“ Wie heute zu Gott sprechen? Gebete, Psalmen und Lieder Verlag Herder Freiburg 2022 144 Seiten, 16- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement