Hannah Arendt, Kritische Gesamtausgabe


Home GoBack Print Kontakt

Schonn zënter ville Joren liesen ech ëmmer erëm Texter a Bicher vum Hannah Arendt. Elo ass 2018 ee groussen Publikatiounsprojet ugelaf, deen als Zil huet hir sämtlech Schrëften an enger kritescher Gesamtausgab ze publizéieren. Et wäert sécher net einfach sinn an deenen nächsten Joren alles vun hir ze liesen. An awer kann een munch eenzel Texter duerchaus méi genee kucken. Als gebueren Jüddin (*14.10.1906) huet si sech 1933 schonn zur Emigratioun aus Däitschland entschloss. Si huet sech bis zu hirem Doud (4.12.1975) ëmmer nees an hire Schrëften mat Antisemitismus, mat Imperialismus a mat totaler Herrschaft befaasst. Hiert ganzt Schreiwen a Publizéieren kreest ëm dës Thematiken. Natierlech kann een sech haut froen, wat dann eng „Schrëftstellerin“ wéi d’Hannah Arendt eis haut nach ka soen. Mä wann een e wéineg schonn nëmmen an hir Texter andaucht, mierkt ee gläich, och wann si sech op politesch Situatiounen vum vergaangene Joerhonnert bezitt, dass Villes, wat si schreift, grad haut erëm extrem bedenkenswäert ass. Am Band 6 „The Modern Challenge to Tradition: Fragmente eines Buchs.“ (2018), dat Texter vun 1952 bis 1954 versammelt, kann et engem wierklech wéi Schuppe vun den Aen falen, wat si do seet an der Zäit a wat ebe just och elo erëm an eiser Zäit op ville Platzen an der Welt zoutrëfft. Hir Analysen vun der Gesellschaft an de politeschen Ëmstänn a Beweegungen vun deemools sinn haut net manner richteg. Ech sinn déif impressionéiert wéi kloer si dat beschreift, wat mir haut erëm erliewen. Es ass erschreckend, wann een beispillsweis hier Analyse „Ideologie und Terror“ (S. 11-89) dësem 6. Band liest. Déi vill politesch totalitär Regimmer, déi et am Moment an der Welt gëtt, passen zu dëser Analyse aus den 1950er Joren. An och, wat een a scheinbar demokratesche Staaten haut gesäit, ass net manner erschreckend. Et géif ville Mënschen, déi sech an eise Gesellschaften asetzen, gutt dinn, fir dës Gedanken ze liesen an doriwwer no ze denken. Si hu wuel kaum eppes vun hirer Aktualitéit verluer.

An dësem 6. Band ass och eng länger Ofhandlung iwwer Relioun a Politik ze fannen. („Religion and Politics“ S. 188-241) Hei geet et sécherlech ëm d’Verhältnis vu Relioun zur Politik an zur Gesellschaft. Mä et ginn awer och ganz déif fundamental Relatiounen tëschent Glawen an Net-Glawen, tëschent Relioun an Atheismus diskutéiert. An och hei fillen ech mech an eis Zäit eraversat. Hier Iddien sinn haut an dësem Kontext weiderhin héich modern, wéi dat folgend Zitat weist: „Der moderne religiöse Glaube unterscheidet sich vom reinen Glauben, weil er für diejenigen, die daran zweifeln, daß Wissen überhaupt möglich ist, der »Glaube zu wissen« ist. Es verdient beachtet zu werden, daß der große Schriftsteller, der uns die moderne religiöse Spannung zwischen Glauben und Zweifel in so vielen Figuren vorgeführt hat, eine Verkörperung wahren Glaubens nur in der Gestalt des »Idioten« zeigen konnte. Der moderne religiöse Mensch gehört in dieselbe säkulare Welt wie sein atheistischer Widersacher, genau deshalb, weil er in ihr kein »Idiot« ist. Der moderne Gläubige, der die Spannung zwischen Zweifel und Glauben nicht aushalten kann, wird sofort die Integrität und Tiefe seines Glaubens verlieren. Die Rechtfertigung für die offensichtlich paradoxe Behauptung, der Atheismus sei eine Religion, ist, kurz gesagt, daraus abzuleiten, daß die größten unter den modernen religiösen Denkern – Pascal, Kierkegaard, Dostojewski – mit der atheistischen Erfahrung geistig vertraut waren.“
(däitsch Iwwersetzung op: http://gellhardt.de/arendt_bluecher /11_Religion_u_Politik.pdf - Zougrëff 19.1.2021 - 10:00) (amerikaneschen Originaltext am Band 6 S. 190f.)
Wann dir also grad an dëser Zäit vu Lockdown a Corona-Krise net wësst, wat dir sollt a kënnt maachen, da kann ech iech nëmmen uroden, iech mol an dës dach héich gescheit Gedanken vum Hannah Arendt eran ze liesen. Ech hu jiddefalls all dës Wochen vu Rou gutt mat hire Schrëften verbruecht.

Carlo Morbach


Hannah Arendt Kritische Gesamtausgabe
Wallstein Verlag Göttingen 2018 ff.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement