Heilige Sprünge

Un coup de pouce du ciel


Home GoBack Print Kontakt

Heilige Sprünge
Un coup de pouce du ciel
Editions du Signe, 2020, 60 Säiten

Coronabedéngt wäerten dëse Summer munch Reesen ausfalen a munchereen wëllt dofir hei an der Géigend besonnesch Plazen opsichen. Ma schons ier een eppes vu Covid-19 wosst, hat onse Bistum geplangt am Kader vun der 150-Joer-Feier vun onser Diözes fir Kleng a Grouss a Comic iwwert d’Pilgerplazen hei am Land erauszeginn. Do gett et munch verstoppte Schéinheet, déi derwäert ass, bekannt ze ginn.

D’Bande dessinée “Heilige Sprünge” respektiv hier franséisch Versioun « Un coup de pouce du ciel » ginn en uspriechenden Impuls fir verschidde Wallfahrtsuerter bei ons z’entdecken.
An der gezeechenter Erzielung vum Buch motivéieren d’Grousselteren hier Enkelen Karin, Jhoss, Mandy an Tom verschidden helleg Plazen opzesichen. Als Par St. Willibrord si mir frou, datt et mam Willibrordusgraf zu Iechternach, der Giischterklaus an der Schetzelsgrott am Gringewald lassgeet. Da geet d’Entdeckungsreess weider bei de Kaaschtel zu Altwiis, d’Léiffrächen zu Käl, op d’Muttergottesknippchen zu Rolléng
(Lamadeleine), d’Renterkapell tëscht Äischen an Arel, op den Helperknapp, Randschëld, op d’Kaunerëffer Përmesknupp, bei d’Weelzer Fatimamonument bis erop op d’Helzer Klaus an d’Veiner Bildchen.

Mat dësem Buch kritt een e Bléck, wéivill Plaze vu Gebied mir am Land hunn, déi ons op eng flott Aart a Weis présentéiert ginn. Natierlech hätt ech mech och gefreet, wann d’Heeschbreger Bildchen a senger décker Eech ernimmt gi wier. Ma esou ginn et nach weider vill Plazen, déi de Volume vun dëser Publicatioun gesprengt hätten. Dëse Comic, deem seng Virstellung op onser Klaus jo och wéint Corona ausgefall ass, kann eng flott Inspiratioun fir Découverten fir d’”Vakanz doheem” sinn.

Dir kritt déi däitsch oder franséisch Ausgab bei ons am Dokumentatiounzentrum vun der Basilika, an der Sakristei vun der Klaus an och iwwerall soss, wou et Bicher ginn.

Luc Schreiner

Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement