Firmung an der Basilika
De 9. Juli ass et souwäit: Um 18.30 Auer wäert eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich engem Grupp Jugendlecher aus eiser Par d’Sakrament vun der Firmung spenden. Et ass e wichtege Schratt am Liewe vun dëse jonke Chrëschten. Si selwer hunn entscheet, dass si JO zu Gott soen an um Wee mat Jesus Christus weider ginn. An deene leschte Méint hu si sech Dënschdes owes am “Date mat Gott” virbereet. Si hunn iwwer Texter aus der Helleger Schrëft geschwat, Glawensfroen reflektéiert an zesumme gebiet. Bis zur Firmung si si all Dënschdeg owes an den Date mat Gott invitéiert.
Léif Leit, begleede mir déi Jugendlech op hirem Wee an droe mer si mat an eise Gebieder.
Links: