Firmung 2023: Informatiounen

Déi nächst Firmung bei eis an der Par ass de 7. Juli 2023


Home GoBack Print Kontakt

Firmung 2023

Wéini ass déi nächst Firmung?

Déi nächst Firmung bei eis an der Par ass de 7. Juli 2023.

Bass Du intresséiert?

• Du bass wéinstens 16 Joer al (gebuer 2007 oder méi fréi)
• Du wëlls Neies entdecken
• Du hues Froen iwwert Däi Liewen an Däi Glawen, a sichs no Äntwerten
• Du wëlls mat anere Jugendlechen zesumme kommen an e Schrack weider goen
• Du wëlls zesumme mat anere Jugendlechen iwwert de Glawen diskutéieren
• Du wëlls spéider an Dengem Liewen Giedel oder Pätter ginn bei engem Kand oder Dech an der Kierch bestueden
• Du bass interesséiert Dech am Juli 2023 firmen ze loossen

Wéi gesäit d’Virbereedung aus?

Am Prinzip treffe mir eis regelmässeg am „Date mat Gott“, Dënschdes owes um 19 Auer, ofwiesselnd zu Lënster oder zu Iechternach. Am Laaf vun de Méint ginn nach zousätzlech intressant Aktivitéite ugebueden.

Mell Dech un!

Du fënns de Formulaire fir Dech unzemellen an dësem Bréif an hei um Internet-Site.
Fëll de Formulaire einfach aus a schéck en zréck un de Parbüro per Poste oder per Mail, oder gëff en bei engem vun eiser Pastoralékipp of. Du gëss dann vun eis informéiert, wéi et weider geet mat der Virbereedung.
Mir freeën eis op Dech an op all interessant Begéinung!

Fir d’Pastoralékipp:

Carlo Morbach
Francis Erasmy
Luc Schreiner
Anise Metz
Josiane Mirkes


Links:

Firmung
Umeldeformular 2023
Main Date mat Gott
Jugend

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement