lb fr pt

Firmung/Confirmation/Crisma (lu)

Um Glaawenswee - Firmung?


Home GoBack Print Kontakt

Wa mir op d’Welt kommen, da gehéiere mir zu kenger chrëschtlecher Glawensgemeinschaft. D’Elteren entscheeden, dass hiert Kand opgeholl gëtt an d’Glawensgemeinschaft duerch d’Sakrament vun der Daf.

Zu de Sakramenter déi eis an déi Glawensgemeinschaft aféieren, den Initiatiounssakramenter, gehéieren och d’Kommunioun an d’Firmung.

Et ass e ganze Wee, de mir ginn, éier mir ganz zu der chrëschtlecher Gemeinschaft gehéieren. Vun dem éischten Ophuelen an d’Gemeinschaft duerch d’Daf, meeschtens vun den Elteren entscheet, iwwer d’Kommunioun, wou mir Christus an eis ophuelen, bis hin zu der Firmung, wou mir selwer Verantwortung iwwerhuelen kënnen an der Gemeinschaft vun de Chrëschten.

D’Firmung ass eng Bestätegung vun eis selwer, dass mir bereet sinn, de Wee vum Glawe weider ze goen a Verantwortung fir eise Glawen a fir d’Gemeinschaft ze iwwerhuelen. Verantwortung huet ëmmer eppes ze dinn mat erwuesse sinn, mat selwer kënne verantwortlech ze entscheeden. Duerfir solls Du virun 2007 gebuer sinn fir Dech 2023 firmen ze loossen. No der Grondschoul solls Du am Kontakt mat der Gemeinschaft bleiwen, fir dass Du de Glawen weider entdecke kanns, fir dass Du Dir Froe stelle kanns, an an der Gemeinschaft mat Denge Kolleegen no Äntwerte siche kanns.

Déi nächst Firmung bei eis an der Par ass de 7. Juli 2023. Dënschdes owes am Date mat Gott bass Du wëllkomm fir Kontakt mat der Gemeinschaft a mat eis ze halen. Am neie Joer schloe mir e puer Datumer vir, wou mir eis méi konkret virbereeden op d’Firmung. Bass Du interesséiert?

Mell Dech am Parbüro un oder kuck op dem Site vun der Par fir Dech unzemellen oder huel Kontakt mat engem vun der Pastoralekipp op!

fir d’Pastoralekipp
Josiane Mirkes

Firmung 2023
(fir déi Jonk déi 2007 oder éischter gebuer sinn)
Allgemeng Informatiounen an Oflaf
Umeldung fir d‘Firmung 2023
(fir déi Jonk déi 2007 oder éischter gebuer sinn) De Formular als PDF fir erofzelueden ...

Links:

Jugend
Main Date mat Gott

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement