Témoignage zum Bibelsonndeg 2023

Tom Osborne

Home GoBack Print Kontakt

Témoignage zum Bibelsonndeg 2023

Tom Osborne

Biblesch Liesungen: Jes 49, 3.5-6 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 1-3 /Joh 1,29-34
Gudde Moien / Gudden Owend!

«Une fois n’est certes pas coutume!»

Wann ech e puer Gedanken iwwer de Wuert Gottes Sonndeg oder de Bibelsonndeg mat iech deelen soll, da spieren ech mech e bësschen wéi de Paulus an de Barnabas zu Antiochien a Pisidien an der Synagog. Grad si Liesungen aus der Torah (oder Pentateuch), déi fënnef éischt Bicher vun der Bibel, souwéi aus de Propheten virgelies ginn, an da froen d’Synagogen Virsteher, ob de Paulus an de Barnabas e Wuert vun der Paráklêsis (vun der Ermuddegung, Ermanung, Tréischtung, Stäerkung …) mat op de Wee ginn. Esou huet d’Pastoralekipp mech gefrot, fir mat iech iwwer d’Plaz vun der Bibel a vum Liesen vun der Bibel an onser Chrëschtlecher Gemeinschaft ze schwätzen. Sécher, hu meng Formatioun, Beruffserfarung a weideren Engagementer och wärend der Pensioun eppes domadder ze dinn.

Den 30. September 2019 huet de Poopst François e Sonndeg vum Wuert Gottes etabléiert, dee soll um 3. Sonndeg vum Joreskrees gefeiert ginn. (Eigentlech eréischt an enger Woch. Well dat zesummen fält mat der Sebastianskiermes hei zu Iechternach, ass decidéiert ginn, eng Woch méi fréi ze feieren, also haut!) Am Dokument «Aperuit illis», dat um 1600sten Doudesdag vum Hl. Hieronymous proklaméiert ginn ass, ënnersträicht de Poopst, wéi wichteg et ass, „im Alltag das Lesen und die Vertiefung der Heiligen Schrift wie auch das Beten mit ihr fortzusetzen“ a wéi noutwendeg et ass, eenzel Gleeweg uerdentlech auszebilden als „authentische Verkünder des Wortes“ (Aperuit illis 3).

Ech muss mir allerdéngs d’Fro stellen, firwat muss elo op eemol e „Sonndeg vum Wuert Gottes“ oder e Bibelsonndeg ausgeruff ginn. Schonns an der Mëtt vum Zweete Vatikanesche Konzil, an de 60er Joren vum leschte Joerhonnert, ass 1965 d’Konstitutioun Dei Verbum (Gottes Wuert) proklaméiert ginn. A sengem sechsten Kapitel mam Titel „Die Heilige Schrift im Leben der Kirche“ gëtt gesot, datt alles misst gemaach ginn, fir datt „den Christusgläubigen den Zugang zur Heiligen Schrift weit offenstehen“ kann (DV 22): Iwwersetzungen an de moderne Sproochen, ausgoend vun den Urtexter op Hebräesch, Aramäesch a Griichesch, an net méi vun der laténgescher Vulgata, gi lancéiert; nei Bibelausgaben fir d’Leit, biblesch Formatioun an eng Reform vun der Liesuerdnung vun de Gottesdéngschter, fir datt den Dësch vum Wuert méi räich gedeckt soll ginn – datt alles soll realiséiert ginn. Am Ausschaffen vun Dei Verbum war den deemools relativ jonken Theolog, de Joseph Ratzinger, maassgeeblech derbäi!

Doropshin ass 1968/1969 mat der Ënnerstëtzung vum Kardinol Bea an vum Poopst Paul VI. d’Kathoulesch Bibel Federatioun gegrënnt ginn, fir iwwerall an der Welt d’Orientatiounen vun Dei Verbum weider ze dreiwen. 1991 ass souguer an der Diözes vu Lëtzebuerg e Service biblique diocésain ënnert dem Bëschof Hengen gegrënnt ginn. Bibelformatiounen an Owender hunn mir jorelaang duerch d’Land organiséiert, och wann gesot ginn ass, d’Lëtzebuerger organiséiere léiwer Dëppefester!

1993 huet d’Bibelkommissioun zu Roum e bahn-briechend Dokument erausginn: „Die Interpretation der Bibel in der Kirche“ fir déi Villfalt vu Methoden an Approchen fir d’Bibel ze liesen an ze studéieren, ze deiten an z’aktualiséieren, ze präsentéieren a kritesch ze hannerfroen. Besonnesch ass dat „fundamentalistescht“ Liesen vun der Bibel als inadequat erkannt ginn. Als Chef vun der Glawenskongregatioun huet den an der Tëschenzäit Kardinol Ratzinger seng Approbatioun dofir ginn.

1994, ee Joer méi spéit, huet d’Bibelfederatioun zesummen mat der COMECE, en Treffen vun den europäesche Bëscheef, déi fir d’Bibel an hire Länner zoustänneg waren, zu Freising bäi München organiséiert. Fir vill Bëscheef war dat deemools eng nei a positiv Erfarung, fir d’Bibel zesummen ze liesen an zesummen doriwwer auszetauschen an ze bieden, och wa Verschiddener dobäi gläich nees an de Priedegtmodus gefall sinn. Do, an engem «Position Paper», dee vun der latäin-europäescher Subregioun vun der kathoulescher Bibelfederatioun ausgeschafft ginn ass, notamment a Sëtzungen zu Lëtzebuerg, gouf geschwat net nëmmen vun der „Bibelpastoral“, mee vun der „Animation biblique de toute la pastorale“. Also, d’Bibel ass net nëmmen e klengen Deel vun der Pastoral an vun der Missioun vun der Kierch, mee kann a soll dat ganzt Liewen vun der chrëschtlecher Gemeinschaft „inspiréieren“, „guidéieren“, „beliewen“, „beootmen“.

2005 bäi enger Audienz mam Poopst zu Castelgondolfo als Ofschloss vun engem Bibelpastoralkongress vun der KBF huet de Benedikt XVI. eng Bëschofssynod zum „Wort Gottes im Leben und in der Sendung der Kirche“ fir 2008 ugekënnegt. - Gedold muss een hunn! 2010 ass dat postsynodaalt Dokument „Verbum Domini“, vum Poopst Benedikt promulgéiert ginn. Ënnert deene villen déifgreifenden Iwwerleeungen a Pisten fir d’Bibelpastoral, déi doranner ausgeschafft gi sinn, gëtt an der Nr. 73 dann héichoffiziell vum Paradigma vun der „Animation biblique de toute la pastorale“ geschwat. Frou an dankbar waren mir an der KBF, datt dee „changement de paradigme“ (Paradigmewiessel) offiziell ginn ass, nodeems dee vir d‘éischt e laange Wee a Latäin Amerika gemaach huet, notamment am Treffen zu Aparecida am Joer 2007, wou e bestëmmten Jorge Mario Bergoglio, deemolegen Äerzbëschof vum Buenos Aires, fir d‘ Schlussdokument fiederféierend war.

D’Lëscht vun Initiativen an Dokumenter kéint ee laang weiderféieren: vun „Evangelii gaudium“ vum Poopst François bis de Bëschofssproch vum Leo Wagner (Ad fontes fidei, zréck zu de Quellen vun onsem Glawen) … Mee ech kommen op meng Ausgangsfro zréck: Firwat, no all deenen Efforten iwwer méi ewéi 50 Joer, ouni all déi Virbereedungsstréimungen ze kontabiliséieren, firwat ass et nach ëmmer noutwendeg, esou e Bibelsonndeg ze etabléieren? Wat hënnert ons, als eenzel Chrëschten, als kleng Gruppen an als grouss Gemeinschaft, d’Helleg Schrëft selwer a reegelméisseg an d’Hand ze huelen, zesummen ze liesen an an den Dialog mat onsem konkrete Liewen ze bréngen?
- Hu mir et schwéier, ons auserneenzesetzen mat Schrëften, mat enger Billersprooch a mat Denk-Aart- a Weisen an Hiweiser, aus enger ganz anerer Kultur, méi wéi 2000 Joer al?
- Si mir gewinnt, fir d’Bibel nëmmen als eng Quell vun dogmateschen, moraleschen an
hierarcheschen Beweiser an Imperativen ze gesinn, déi an onsem Weltbild an Erfarungshorizont keng Plaz hunn?
- Schléisst ons „wëssenschaftlecht“ Verständnis vum Universum, vum Liewen iwwerhaapt a vum Mënscheliewen esou eng biblesch Botschaft aus?
- Sinn d’Bibel an d’Liesen vun der Bibel net „protestantesch“? Mir Katholicken hunn de
Katchëssem: dat geet ons duer!
- Ass d’Bibel net fir Geeschtlech, Pateren a Schwësteren, déi ons souwisou soen wéi d’Schrëften ze verstoe sinn? O, vläicht och fir e puer fromm Leit?
- Ass et net och esou, wann een d’Bibel tatsächlech méi no a méi genee liest an hir Villfältegkeet an Liewensnähe entdeckt, datt ee riskéiert „säi Glawen ze verléieren“ oder en op mannst kräfteg a Fro ze stellen an nei duerchschaffen ze mussen …? An dat wëlle mer souwisou net an duerfir wëlle mir ons sécher keng Zäit huelen....

Vill Froen an Iwwerleeungen, déi mir tatsächlech eescht huelen missten, a mat genee deene mir eis missten, an aller Rou, auserneesetzen …

An trotzdeem …

„Aperuit illis sensum ut intellegerent scripturas“: esou huet de Poopst Franziskus säin Opruff fir de Sonndeg vum Gottes Wuert ze feieren ugefaangen: „Er öffnete ihren Sinn, dass sie die Schriften verstehen“, en Zitat aus dem leschten Kapitel vum Lukasevangelium (24,45). Wann een dat ganzt Lukasevangelium liest, dann erkennt een e laange Formatiounswee, wou Aenzeien zum «Diener des Wortes» ginn (Lk 1,2).

- Et muss een sech op de Wee maachen, zesummen mat Aneren a mam Jesus selwer.
- Et muss ee léieren, richteg ze lauschteren op de Ruff vum Liewen ewéi och vum Wuert vum Jesus a vun de Schrëften.
- Et muss ee léieren, solidaresch mat de Mënschen, an hirer an onser Nout, de Wee ze goen.
- Et muss een sech offe maachen, fir kënnen an den Träipen an am Häerz vun de Stëmme vun de Mënschen a vum Wuert vum Härgott betraff ze ginn, an aus der Befruchtung Friichten vun der Compassioun, vun der Hoffnung a vum Glawen ze droen.
- Et muss een d’Aen grouss opmaachen, fir um Wee d’Presenz vum Operstanenen Jesus ze erkennen, als „Gottes Knecht“ an als „Lamm Gottes“, dat geheimnisvollt Glawensbekenntnis vum Johannes den Deefer, dat mir an de Liesungen vun haut héieren hunn.
- Mir mussen ons Aart a Weis fir d’Schrëft ze begéinen änneren, erweideren a verdéiwen: net méi nëmmen an de Gottesdéngschter, wou mir e puer zesumme geschnëppelt Abschnitter iwwer ons ergoe loossen; mir musse selwer d’Bibel an d’Hand huelen, eleng a mat Aneren zesummen. Mat klengen Abschnitter ufänken, progressiv méi laang Texter, souguer ganz Schrëften entdecken, mat hirer Dynamik, Déift an hirem Souffle! Fir Christus kennen ze léieren, musse mir d’Schrëften opsichen a kennen. Den Hellegen Hieronymous huet et zwar negativ ausgedréckt: „Ignoratio scripturarum, ignoratio Christi“ „Ouni d’Schrëftekenntnis, kee Christuskenntnis !“. Mee ouni Kenntnis, Respekt an Engagement fir ons Matchrëschten keng chrëschtlech Gemeinschaft! Zesummen Schrëften ze liesen an ze deelen, wéi d’Brout an der Mass, kann ons hëllefen zu enger liewensnoer a solidarescher Gemeinschaft ze wuessen. E laange Wee fir Vertrauen an der Déift ze bauen … et geet awer net ouni!

De 40ste Psalm, dee mir zesumme gebiet hunn, seet et aneschtes, méi kuerz a pregnant vläicht:

Das Gehör hast du mir eingepflanzt;
Darum sage ich: Ja, ich komme.
In dieser Schriftrolle steht, was an mir geschehen ist.

Deinen Willen zu tun, mein Gott, macht mir Freude,
deine Weisung trag‘ ich im Herzen.
Gerechtigkeit verkünde ich in großer Gemeinde,
meine Lippen verschließe ich nicht; Herr, du weißt es.

Eng häerzlechst Aluedung fir iech mat op de Wee ze maachen! Woe mer de Wee zesummen?
Amen.


Link(s)

Wort Gottes Sonntag

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement