|
Et woren an der Lescht méi dack esou vill Leit an de Sonndesmassen an der Ennersauergemeng, datt et mat de Sécherheetsmesuren heiansdo uerg knapp wor. Well elo ons Dingschter net méi fir just een Duerf, ma fir all ons Uertschaften sinn, wäert et dowéinter eng weider Sonndesmass op enger „neutraler Plaz“ fir jidderee ginn - an zwar vum Dezember un all Sonndeg um 9:00 Auer op der Giischterklaus. Fir lues unzefänke, wëlle mir dës Mass emol éischter schlicht gestalten. |