Sonndesmassen op der Ennersauer

Allgemenge Informatiounen


Home GoBack Print Kontakt Massen Mass bestellen

Ännerung Masse-Plang Rouspert // Parbréif 1/19

Mat der Familljemass eemol de Mount ëm 11 Auer hu mir gutt Erfahrunge gemaach. Dat bleift och an Zukunft sou. Natierlech sinn do och ons Männer aus der Chorale wëllkomm! Vum neie Joer un, wäert ech awer normalerweis dee véierte Sonndeg am Mount d’Houmass zu Lënster zelebréieren. Gäere sitt Dir agelueden och d’Eucharistie an dëser wonnerschéier Barockkierch matzefeieren. Dee Sonndeg wäert allerdings an Zukunft zu Rouspert eng Mass sinn: Zesumme mat der portugiesescher Gemeinschaft ass um Virowend (also Samschdes) ëm 8 Auer eng gemeinsam Mass fir jiddereen! Fir d’musikalesch Animatioun suergt d’portugiesesch Chorale.

Uma segunda missa em português na nossa paróquia // Parbréif 1/19

Como de costume, uma missa em português é celebrada no segundo sábado do mês às 20h na Basílica de Echternach pelo Padre Sergio. De agora em diante, temos a alegria de convidar todos vocês para uma segunda missa para a comunidade de língua portuguesa o quatro sábado do mês às 20h na Igreja de Rosport, celebrada por um dos nossos párocos.
Sábados 12.01. & 09.02. & 09.03.2018 : Missa às 20h na Basilica de Echternach
Sábados 26.01. & 2018 : Missa às 20h na Igreja de Rosport

Allgemenge Schema vun de Massen an den Ennersauerdierfer // Parbréif 8/17

Bedéngt duerch d’Nominatioun vum H.H. Kaploun Monteiro op eng nei Plaz, dee net ersat gouf, hu mir missen an eiser neier Par d’Zäite vun de Massen nei organiséieren. Esou huet den Abbé Schreiner um 1. Sonndeg am Mount muerges aanerwäerts Dingscht. Fir Äer Orientatioun a fir Äert Plange vu besonnesche Massen fannt Dir hei den allgemenge Schema, wéi zënter der Rentrée prinzipiell d’Massen an den Ennersauerdierfer festgeluecht sinn. Natierlech wäert och an Zukunft op déi lokal Traditioune (Kiermes, Pressessiounen, Fester...) Rücksicht geholl ginn.


Samsdes
18.00 Auer
Samsdes
19.30 Auer
Sonndes
09.30 Auer
Sonndes
11.00 Auer
------------------------------
------------------------------
------------------------------
------------------------------
------------------------------
1. Sonnden
am Mount
Bur oder Meischdref
gewiesselt
Mompech
.....................
.....................
2. Sonnden
am Mount
Bur oder Meischdref
gewiesselt
.....................
Rouspert
Uesweler
3. Sonnden
am Mount
Bur oder Meischdref
gewiesselt
.....................
Hierber
Rouspert
Familljemass
4. Sonnden
am Mount
Bur oder Meischdref
gewiesselt
.....................
Rouspert
Lënster

 
Link:

Den aktuelle Masseprogramm fannt Dir hei:

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement