En zentrale Parbüro zu Iechternach

Am Wee op déi nei Par zou, déi aus den aktuelle Pare vum Dekanat Iechternach an de Pare vum Parverband Lenster gebild gett, fonctionnéiert vum neie Joer un e gemeinsamt Sekretariat zu Iechternach am Kaplounshaus virun der Basilika. Fir all administrativ Démarchen ass dese Büro an Zukunft Äeren Uspriechpartner.

Ufroe fir Daf-, Firmschäiner an all aaner Certificaten, Massintentiounen, Umellunge fir Dafen, Houchzäiten ginn vum neie Joer un am Parbüro zu Iechternach ugeholl. Selbstverständlech kennt Dir och weiderhinn Äer Massen per Email op ennersauer cathol.lu bestellen an d’Stipendiegelder op de Kont vun der betreffender Kierchefabrik iwwerweisen. D’Kathy Bauer vu Bur wäert als bénévol Mataarbechterin och an d’Zukunft d’Massintentioune vun eisen Ennersauer-Pare verwalten.

A verschidde Paren ginn et och léif Leit, déi bereed sinn Äer Massintentiounen entgéint ze huelen. Vläicht fanne sech och nach an deenen aaneren Uertschaften Leit, déi bereed sinn entspriechend Ufroen fir Massen einfach un d’Madame Bauer weiderzeleeden.
Bur: Kathy Bauer
Hierber: John Dahm
Méischdref: Famill Zender
Rouspert: Léonie Kalmes
Steenem: Marianne Schwinninger

Bei der Aarbecht, déi emmer méi ginn ass a weider méi gett, ass et mir leider vill ze dack virkomm, datt ech entspriechend Demanden fir Massen net richteg traitéiere konnt an doduerch fir Verdross gesuergt hunn. Dat deet mir leed. Dofir wäert ech selwer vum neie Joer weder an enger Sakristei nach am Paschtoueschhaus méi Massintentiounen unhuelen. Dofir kennt Dir Iech dann, wéi och fir all aaner Verwaltungsufroen un de Parbüro zu Iechternach adresséieren.

All offizielle Courrier fir eis Paren ass un des Adress ze riichten. Kontaktadressen ...
Massintentioune bestellen - Email: ennersauer cathol.lu

Bureau paroissial commun à Echternach
Pour toutes vos demandes administratives concernant la vie de l’église dans nos localités, veuillez dorénavent vous adresser au nouveau bureau paroissial à Echternach au „Kaplounshaus“ | 12, Porte Saint Willibrord | L-6486 Echternach | Tél.: 72 01 49 | Email: echternach cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement