It’s Time to Say Good Bye...


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Elo hutt Dir eng leschte Kéier den „in Christo“ als Porbréif vun dem fréiere Porverband Ennersauer am Grapp. Zënter dem leschte 7. Mee gehéieren eis Dierfer zur neier Por St. Willibrord Regioun Iechternach.
Als e weidert Zeeche vum Zesummewuesse wäert et vun der Rentrée un een eenzege Porbréif ginn. Do kommen dann d’Informatiounen aus onsen Dierfer zesumme mat deene vun den aaneren Uertschaften dran. Ech sinn der Meenung alles, wat an onsen Ennersauerdierfer
lass ass, an d’Angeboter op der Klaus sinn et derwäert, datt jiddereen an der neier Por dovu wësse soll. D’autant plus haten och vill Stéid an eisen Dierfer den „Iechternacher Parbréif“ och. Dofir maache mir eloaus zwee een.
Ech schreiwen des Zeile deels mat engem schwéieren Häerz. Onse Porbréif ass dat lescht Zeeche vun deem Porverband Ennersauer, wou ech siwe frou Jore vu mengem priisterlechen Dingscht erliewe konnt.
Elo kënnt eppes Neies op ons duer, wou mir nach net wëssen, wouhinn et féiert. Wuel mir dierfen op den Härgott vertrauen. Hie kann alles zum Gudde féieren.
Ech schreiwe si och aus engem aanere Grond mat méi Mélancholie.
Ech bedaueren, datt net gegléckt ass, datt déi deemols siiwen selbststänneg Poren wierklech zu enger wierklecher Gemeinschaft als een eenzeger Porverband zesummewuesse konnten. Hunn ech versot? Wore lokal Identitéite méi stark wéi de Wëllen als Schwësteren a Bridder vun der Ennersauer zesumme Gott ze éieren a Glawen ze deelen? Eng Ursaach dofir, well déi dräizéng Dierfer kee gemeinsame Zentrum haten, wou d’Leit souwisou zesummekomm sinn. Do sinn ech gespaant, ob dat an der neier Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech geleenge wäert. D’öffentlech Hand wäert do aaner Mëttelen hunn, wou ech als eenzegen Haptamtlechen elleng stoung. Wéi et eng am vergaangene Joer schwiereg Situatioun am Reliounsunterricht an onsen zwou Gemengeschoulen beispillhaft beweist, si meng Ufroen ëm Hëllef fir eis Ennersauerdierfer bei den Bistumsautoritéiten leider ni op open Ouere gestouss. Esou gouf och nach rezent an der Stad décidéiert, datt ons Emailsadress ennersauer cathol.lu ofgeschaft ass. Déi Attitude vun der Autoritéit huet mech immens enttäuscht a Vertraue verléiere gelooss.
Do erliewen ech dann déi nei Por an d’Zesummenaarbecht vun de Kollegen a Kolleginnen am Pastoralteam als eng Chance fir eis Dierfer. Mat Iechternach hu mir och e gemeinsamt Zentrum. Wéivill vun Iech si jo souwisou op Iechternach an d’Mass gang, wa keng um eegenen Duerf wor. Allerdings muss et ons Suerg sinn, datt och d’kierchlecht Liewen an onsen Dierfer net ausstierwt. Mam Härgott senger an Äerer Hëllef kann dat geléngen.
Zum Schluss vun dese leschten Zeile vum leschten Ennersauer-Parbréif e grouse Merci dem Jean Kreins an dem Kathy Bauer. Ouni hiert Matschaffen wier eist Informatiounsblat net dat gewiescht, wat Dir déi lescht Joren ëmmer nees an de Grapp krut. Vergelt’s Gott!

Abbé Luc Schreiner

- leschte Paschtouer vun de fréiere Poren St Martin Bur, St. Jacques Hierber, St Martin Méischdref, St Rémi Mompech, St Michel Rouspert, Ste Cathérine Uesweller a Notre-Dame de l’Assomption Steenem
- an ewell Paschtouer in solidum an der neier Por St. Willibrord Regioun Iechternach


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement