Sakramenter fir eis krank an aal Leit doheem oder an de Spideeler


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Déi Leit, déi net méi an d’Kierch komme kennen, hunn d’Geleenheet d’helleg Kommioun doheem ze empfänken. Vu muncherengem ass gewosst, datt dat gewenscht ass. Bei des Leit wäert ee Member vun der Pastoraléquipe viru Chreschtdag laanscht kommen. Ma et si secher och aaner Leit, wou dat net bekannt ass. Mellt Iech dowéinter am Parbüro zu Iechternach (Tel.: 720 149) oder engem Member vun eiser Pastoraléquipe.
Och an de Spideeler an Heimer existéieren extra Aumônerien fir eng reliéis-spirituell Begleedung vun de Kranken a Pensionnairen. Frot beim Personal an den Haiser no. Si bréngen Iech dann a Kontakt mat engem Geeschtlechen oder kierchleche Mataarbechter. D’Leit aus den Aumônerien an och äere Paschtouer si gäer do fir Menschen um Stierfbett ze begleeden. Allerdings gett am Kader vun enger reliéiser Neutralitéit vun deene meeschte Cliniquen oder Haiser net automatesch e Geeschtlech an der Stierfstonn geruff. Do muss schons vun dem Patient oder senger Famill duerno gefrot ginn.

Les personnes malades et/ou âgées peuvent recevoir les sacrements à domicile. Veuillez contacter le bureau paroissial (Tél 720 149) ou un membre de l’équipe pastorale. En hôpital ou maison de retraite veuillez vous adresser à l’aumônerie en passant par le personnel soignant.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement