Jugendgrupp zu Lënster

Fir Jonk aus der Gemeng Lënster vun der Septième un


Home GoBack Print Kontakt

Mir wëllen eis zesummen op e Wee maache fir iwwer de Glawen ze schwätzen, eppes iwwer Bibel a Gott, eisen eegene Glawen ze léieren. Dofir sinn Jonker invitéiert,

• déi mat anere wëllen iwwer Glawen a Relioun schwätzen,
• déi matenee wëllen Erfarunge vu Gebiet a Glawe maachen an deelen
• déi Intressi hunn, un dem wat an der Bibel steet
• déi wëlle Gemeinschaft erliewen.

Mir gesinn eis all 4-6 Wochen fir ongeféier 2 Stonnen. Den nächste Rendezvous ass den


14. Juli 2019
10:45 Auer
Houmass
an der Kierch

Fir Froen, Iddien, Umeldunge mellt iech w.e.g. beim Elke Grün
elke.gruen cathol.lu; 26 72 01 06; GSM 621 31 90 32


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement