Eng nei Uergel fir Bech

Spendenopruff


Home Back Print Kontakt

An deene leschte Joren huet déi Becher Uergel ëmmer méi Alterserscheinungen gewisen. Et ass ëfters dru geschafft ginn. No enger rezenter Reparatur sinn de leschte Samschdeg nees en Deel vun de Regësteren ausgefall. Mir denke scho länger driwwer no, dass mir eng nei Uergel brauchen. De Moment schéngt lo komm ze sinn.

Mir wäerten Angeboter anhuelen vun enger Uergel vu „Content“ wou mir ëm 20.000,00 € leien, mir wäerten och no klenge gebrauchte Päifenuergele kucken, wat awer e gutt Stéck méi deier géif ginn.

Eng éischt Kollekt war viru bal 4 Joer op enger Hochzäit gemaach ginn. Déi 500 € vun deemools sinn eist Startkapital fir de Projet vun enger neier Uergel fir Bech.

Et wär flott, wa mir d’Uergel mat Ärer Hëllef finanzéiere kéinten, et ass wichteg, datt mir dee Problem lo léisen. Zesumme kënne mir et packen!

Iwwerweist Ären Don w.e.g. op de Konnt beim „Fonds Culturel National“
BCEELULL LU24 0019 4655 0203 7000
mam Vermierk „2022/113 Uergel Bech“

Wichteg ze wëssen ass, dass all Don ka steierlech ofgesat ginn.

En häerzleche Merci!

Links:

Kierch vu Bech

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement