Lifting fir eng 110-Järeg zu Hierber

2018


Home Back Print Parbüro Herborn

No laangewieregen Etuden an Ausschreiwungensprozeduren ass et endlech esou wäit. Am Joer 110 vun hirer Existenz am Duerf hunn an der Woch vun Äschemëttwoch d’Aarbechten un der Hierber Kierch ugefaangen. Déi eenzeg Lëtzebuerger Konschtglasfirma Bauer vu Munnerëf huet d’Glasmolereien (Kierchefënsteren) ausgebaut fir am Atelier ze restauréieren. Nei Rummen an eng einfach Schutzverglasung goufe schonns agesat. Während der Redaktiounsphase vun desem Parbréif wäert wuel eng Stee bausse ronderem d’Kierch kommen. Da wäerten den Daach neigemaach, eng Paserelle iwwert d’Verwëllef installéiert an d’Fassade mat hiren Elementer aus Hierber Steen gebotzt ginn.
Merci den Autoritéiten an dem Service technique vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech, déi des Aarbechten duerchféiere léisst. Merci och der Virgängergemeng Mompech an hiere Responsabel, déi de Projet an de Wee geleed an den entspriechende Budget votéiert haten.
Duerch dëse Schantjen wäerte mir d’Kierch deels just ageschränkt notze kënnen. Aus Sëcherheetsgrënn heescht et wiertes „Betreten der Baustelle verboten.“ Fir eis Sonndesmass kënne mir, wann et néideg gi sollt, op Mompech auswäichen.
Läichendingschter, wou mat vill Leit gerechent gett, kënnen am Kader vun eiser neier Por och zu Bech oder esouguer an eiser neier Parkierch, der Iechternacher Basilika, gehale ginn.

Luc Schreiner, Paschtouer

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement