Advent 2018

zu Bollendorf-Bréck an der Kierch


Home GoBack Print Kontakt ŒUVRES SAINT-JEAN

Kierch Bollendorf-Pont
Dezember 2018

Mir gin zesummen duerch den Advent op Chrëschtdag
zou! Zesummen wëlle mir mat Iech d’Adventskäerzen
ufänken, sangen, schwätzen, bieden, Geschichte liesen,
en Steck Kuch oder Kichelchen iessen, fir e puer flott an
och besënnlech Stonnen zesummen ze verbrengen.

2. Dezember: 18.30 Auer: Advents-Mass mat Ufänken vun der 1. Kärz um Adventskranz.
9. Dezember: 14.30 Auer: Mir fänken déi 2. Kärz un um Adventskranz an
den Här Alex Langini get ons en Exposé vun onser Kierch.
16. Dezember: 15.00 Auer: Mir fänken déi 3. Kärz un um Adventskranz, lauschtere Chrëschtlidder an liesen Adventsgeschichten.
18. Dezember: 14.00 Auer: Mir riichten d’Krëppercher op fir d’Krëppenausstellung. Brengt no Méiglechkeet är Krëppchen mat wann dir se net doheem opstellt. Mir fréen eis, dass dëst Joër Beknifa mat enger grousser Krëppchen dobäi ass. Kommt onbedéngt kucken!
21. Dezember: 18.00 Auer: Ouverture vun der Krëppenausstellung (Aktioun Adventsfënsteren).
22/23/24.12.2018: 14.00-16.00 Auer: Krëppenausstellung.
23. Dezember: 14.00 Auer: Mir fänken déi 4. Kärz un um Adventskranz, sangen an poteren zesummen.
26. Dezember: 18.00 Auer : Stéfesdag Chreschtmass
26.-29.12.2018: 14.00-16.00 Auer: Krëppenausstellung.
30. Dezember: 14.00 Auer: Krëppenausstellung an um 16.00 Auer: Joeresôfschloss — Gottesdengscht
Par St.Willibrord Regioun Echternach
an Oeuvres St. Jean Berdorf


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement