GEDENKFEIER

Massaker vun Sonnenburg


Home Back Print Kontakt Kaarten Junglinster

GEDENKFEIER
an der Lënster Kierch
Donneschdes 30. Januar um 18.30 Auer

Dësen Dag gedenkt « d’Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme » zesummen mat der Gemeng Jonglënster un de Massaker vun Sonnenburg, bei deem an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945, eenannonzeg (91) Lëtzebuerger zwangsrekrutéiert Jongen am Alter vun 19 bis 24 Joer onschëlleg, zesummen mat 728 Gefaangenen vun villen aneren Natiounen, brutal an ouni Grond higeriicht gi sinn. Wärend dëser Gedenkfeier erënneren mir och un déi weider 10 Lëtzebuerger zwangsrekrutéiert Jongen, déi an Platz vun den 61 Geiselen aus der Jonglënster Géigend, wéinst dem Attentat op den « Ortsgruppenleiter vun Jonglënster, zu Siegburg a Lingen, ëmbruecht gi sinn.
Bei dëser Feier gedenken mir awer och all deenen weideren Lëtzebuerger Jongen a Meedercher déi fir eis Heemecht gefall, higeriicht oder an Prisongen an Gefangenelageren gestuerwen sinn. Dës Gedenkfeier gëtt all Joer den 30. Januar vun der « Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme » an enger anerer Gemeng vun eisem Land ofgehalen, fir dass dës zimmlech onbekannt Episode, net soll an den Vergiess kommen.
Jiddwereen ass zu dëser Gedenkfeier invitéiert, déi duerch eng Partie vun eisen lokalen Veräiner verschéinert gëtt.


Links:

Carillon der Basilika Echternach: „75 Anniversaire de la Bataille des Ardennes“
Geschichte auf wort.lu: Das Massaker von Sonnenburg
Webseite der Gemeinde Junglinster

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement