Klibberen 2021 zu Steenem


Home GoBack Print Kontakt

Trotz der aktueller Situatioun sinn d‘Kanner klibberen gangen. Wei et Traditioun as, sin si Samsdes duerch Duerf gangen, fir hiere Klibberloun ze kréien. Nierft de Séissegkeeten hu si och Suen kritt, déi wéi all Jöer fir ee gudden Zweck gespend gin. Dank de Leit hu si dest Jöer 450 Euro tesumne kritt.
Si hun all dat Geld, ouni ee klenge Loun fir sech ze behaalen fir ee Jong an zwar den Dean gespend. Den Dean as 12 Jöer jonk a leit séit senger Gebuert un enger rarer Krankheet um Dënndarm. Leider kann him hei am Land net gehollef gin a muss doweinst an den USA behandelt gin, wat leider vill Suen kascht.
Sou hu si d‘Suen bei d‘Woschkutsch asbl gespend, déi all Euro verduebelt déi fir den Dean sin.
Dank Iech léif Leit leet d‘Wonschkutsch lo 900 € bei dem Dean seng Behandlung bei.

Am Numm vun de Klibberkanner soen ech Iech all déi dozou beigedroen hun ee ganz decke MERCI!!!

Isabelle Schiltz-Fohl



 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement