Pfarrei Berdorf

Bäertref

D’Geschicht vun der Par Bäertref ass relativ rezent. Jarhonnertelaang war Bäertref just eng Filial vu Konsdrëf an hat och just eng kleng Filialkierch, en einfache romanesche Bau, deen, ëmgin vum Duerfkierfecht, an der Mëtt vum Duerf, op deem héchste Punkt, stoung. Schon zur Réimerzäit huet et op dëser Plaz eng heednesch Kultplaz gin, ob denen hiren Iwerreschter e fréit chrëschtlecht Hellegtum entstanen ass, deem säi Mëttelpunkt weiderhin e fréieren réimesche Véiergöttersteen (Herkules, Juno, Minerva, Apollo) bliwen ass, deen och nach haut an der heiteger Kierch steet. Dës bescheiden Duerfkierch huet sech am Laf vum 18. Jarhonnert als ze kleng erwisen. Ausserdem war d’Kierch v.a. fir eeler Leit schwéier accessibel a si war baufälleg. De Problem gouf méi akut, wéi Bäertref no ville Beméiungen 1803 zu enger selbstänneger Par erhuewe gin ass. Spéitstens elo huet sech d’Fro vun enger eegener Parkierch an och engem Paschtoueschhaus gestallt. Fir d’éischt gouf 1820 en neit Paschtoueschhaus gebaut. Déi al Kierch ze vergréisseren oder eng nei op déi selwecht Plaz ze bauen, war net méiglech, well net genug Plaz do war. De 26.2.1829 ergoung de Bauoptrag fir eng nei Kierch op deem Terrain vis-à-vis vum Paschtoueschhaus, wou si bis haut steet, un den Theodor Fichtel vu Bäertref. Wou, wéini an ob iwerhaapt e Grondsteen vun der Kierch geluecht gouf, ass net bekannt. Ouni Rücksicht op hir kulturell an historesch Bedeitung gouf déi al Kapell geaffert, andeems se zum bëllege Steebroch fir déi nei Kierch gouf. Et koum een och net op d’Iddi, wéinstens eng Skizz oder e Grondrëss dervun ze maachen, sou datt een iwert d’Ausgesin vun dëser Kapell nëmme spekuléiere kann. Am spéide Summer 1830 war de Bau vun der Kierch souwäit ofgeschloss, allerdéngs huet nach alles, wat den Intérieur betrëfft, gefeelt. Den 11.1.1831 gouf de réimesche Véiergöttersteen an déi nei Kierch transferéiert an als Ënnerbau fir den Haaptaltar opgestallt, awer esou, datt e ganz verdeckt war. Och goufen déi kleng Niewenaltär an d’Statue vun den Hellege an där neier Kierch opgestallt an déi zwou kleng Klacken opgehaangen. Déi virleefeg Benediktioun war de 26.6.1831 mam Dechen Coner vun Iechternach. An denen nächste Jaren gouf en Optrag fir en neie klassizisteschen Héichaltar un de Bildhauer Reif vun Tréier ergin. Et bleift onbekannt, wéini d’Wandmolereien an den Altar fäerdeg goufen. Op jidde Fall huet d’Kierch an hirer voller Pracht präsentéiert, wéi 1844 de Kinnék Groussherzog Wilhelm II. an 1846 de Bëschof Jean-Theodor Laurent op Besuch koumen. Den 30.6.1847 gouf déi nei Kierch vun deem selwechte Bëschof endlech feierlechkonsekréiert. 1857 gouf den Ausbau vum Tuerm an Optrag gin souwéi d’Uschafen vun dräi Klacken, déi déi zwou aner Klacken ergänze sollten. 1862 koum eng Tuermauer derbäi. Dësen Tuerm sollt d’Bild vu Bäertref bis zum groussen Tuermbrand vun 1941 prägen. Em 1865 muss de Priedegtstull entstane sin. E puer Joer méi spéit gouf en neien Altar an Optrag gin, dee, genau wéi de Virgängermodell, ganz aus Holz war an de réimesche Véiergöttersteen emfaasst huet. Zu där selwechter Zäit gouf d’Gewölbe vum Chouer nei ausgemoolt an 1900 goufen nei faarweg Kierchefënsteren ugeschaaft. Dës Fënstere goufen am 2. Weltkrich all zerstéiert. Tatsächlech sollt d’Bäertreffer Parkierch am 2. Weltkrich déi schwéierst Schiëd vun hirer Geschicht erfueren. Duerch dee schon ernimmten Tuermbrand vun 1941 gouf den Tuerm an d’Sakristei beschiedegt, an an der Rundstedtoffensiv (1944) gouf d’ganzt Duerf, och d’Kierch an hiren Tuerm, schwéier beschiedegt. D’Duerf ass nom Kirch rem relativ séier opgebaut gin, nei Haiser an Hoteler goufe gebaut, just d’Kierch war scheinbar vergiess gin. Réischt 1949-1950 gouf d’Rekonstruktioun vun der Kierch an Ugrëff geholl. 1951 gouf en neien Tuerm, gläichzäiteg als Waassertuerm, e puer Meter vun der Kierch ewech, gebaut. An der Mëtt vun de 50 Jaren gouf de Chouerraum vun der Kierch nei gestalt. Well déi al Molereien praktesch ganz zerstéiert gi waren, gouf d’Chouerwand mat enger moderner Mosaik versin. D’Motiver dofir, nämlech d’Kräizegungsszen, emgin vun denen zwee altestamentleche Virbiller vum Christusaffer, goufen aus dem Antependium vum alen Héichaltar iwerholl. Den Altare vun 1883 gouf duerch deen Altar, dee bis haut do ass, ersat. Fir d’éischt säit Mënschegedenken gouf de réimesche Véiergöttersteen net méi verkleedt, mee bewosst als Ënnerbau vun der Mensa siichtbar gemaach. Een eemolegen Témoignage vun der Ënner- an Anuerdnung vun de kulturellen a geeschtege Wäerter vun der réimesch-griechescher Kultur an déi chrëschtlech-abendländesch Welt! D’Zweet Vatikanescht Konzil (1962-1965) gouf der Kierch en neit Selbstverständnis, dat säin Ausdrock och an enger erneierte Liturgie an domatt enger erneierter Opfaassung vum Kierchebau fonnt huet. Sou sollt den Altar méi däitlech als Afferaltar par rapport zum Expositiounsaltar betount gin. Den Uert vun der Verkënnegung gouf méi no bei den Altar geréckelt, fir d’Eenheet vu Wuertgottesdéngscht an Eucharistiefeier ze ënnersträichen. Deenen neien Direktiven entspriechend gouf 1976 den Altarraum vun der äertreffer Parkierch, op Initiative vum Paschtouer Arsène Braun (zu Bäertref vun 1975-2001), nei organiséiert. Virun den Haaptaltar gouf e méi e klengen Volléksaltar gestallt, deen aus der fréierer Kommiounsbänk ugefäerdegt gouf. E Brand an der Krëppchen e puer Joerméi spéit war den Ustouss fir eng gréisser Renovéierung vun der Kierch als Virbereedung op d’150-järegt Bestoë vun der Kierch am Joer 1982.

Filialkierch Bollendorf-Bréck

An der Sëtzung vum 22. November 1951 huet de Gemengerot vu Bäertreff eestëmmeg beschloss, eng Kierch zu Bollendorf-Bréck ze bauen. Domadder ass ee Problem geléist gin, deen wäit an d’Geschichtzréckgräift. Bis 1815 d’Grenzen nei festgeluecht gi sin, huet Bollendorf-Bréck zu Bollendorf op der heitegerdäitscher Säit vun der Sauer gehéiert. D’Leit sin duer an d’Kierch gaangen. D’Bollendorfer Kierch war hirParkierch. 1815 ass Bollendorf-Bréck zur Filial vun der Par Bäertref deklaréiert gin. Allerdéngs war Bollendorf-Bréck bis 1912 weiderhin zimlech fest matt Bollendorf verbonnen. D’Kanner sin déisäit der Sauer an d’Primärschoul gaangen an d’Leit sin och weiderhin duer an d’Kierch gaangen an um Bollendorfer Kierfecht begruewe gin. No an no huet ët sech awer opgedrängt fir op der Lëtzebuerger Säit endlech eng eegen Schoul ze bauen. Dat ass 1912 geschitt a vum Hierscht 1913 un konnten d’Kanner zu Bollendorf-Bréck an d’Schoul goën. Schon deemols ass am selwechtn Kontext driwer diskutéiert gin, fir dann och eng eegen Kierch ze bauen an en eegene Kierfecht unzeleën. Aus finanzielle Grënn ass dee Projet demolsallerdéngs net realiséiert ginn. Ab dem Joër 1939 war et am Kader vun de Krichsviirbereedunge vum NAZI-Däitschland kaum nach méiglech an opportun, op Bollendorf an d’Kierch ze goën, sou datt d’Leit obligéiertwaren, dee schwéiere Wee bis op Bäertref op sech huelen, fir an eng Kierch ze kommen. Och nom zweeteWeltkrich sin d’Leit nët méi op Bollendorf an d’Kierch an op de Kierfecht komm, well d’Grenzen zimmlechdicht gemaach gi waren. Elo goufe provisoresch um Sonndeg an op de Feierdeeg Gottesdéngschter am Schoulsall gehalen. Mam Datum vum 16. Juli 1949 riichten d’Awunner vu Bollendorf-Bréck eng Petitiounan, wou si déi onhaltbar Zoustänn bekloën an de Bau vun enger Kierch fuerderen. Ufank Januar 1950 war d’Kierchbaukommisioun op der Plaz an huet sech e Bild vun der Saach gemaach. Iwerdeems huetd’Chamber „aus nationale Grënn“ eng Kaplounsplaz fir Bollendorf-Bréck votéiert. De Bëschof huet den 30. Oktober 1950 Bollendorf-Bréck, d’Weilerbaach an de Bäertreffer Deel vum Grondhaff zu enger Seelsorgeeenheet zesummegeschloss an d’Verwaltung dem Direkter vun der Kuranstalt Heliar iwerdroën. An der folgender Zäit ass ët duerno drem gaangen ee Bauterrain ze fannen an all finanziell Froën ze klären. D’Gemeng hat de Staatsarchitekt Hubert Schumacher mam Auschaffe vun de Pläng beoptragt. Sou konntdann den 22. November 1951 Gemengerot vu Bäertref d’Decisioun fir de Bau falen. Um Oktavssonndeg, dem 11. Abrëll 1952, ass a Präsenz vum Bëschof-Kadjutor Leo Lommel de Grondstee vun der neier Kierchgeluecht gin. Ee Joër méi spéit, den 3. Mee 1953, war dann d’Weih vun dräi Klacken duerch den Iechternacher Dechen Ernest Biermann. (N.B. Nei Klacken an deem Sënn waren ët allerdengs net: Des dräiKlacken hun zum Gelaits vun Iechternach gehéiert, dat nom Krich ugeschaaft gouf. Well awer zu Iechternach een nei Bourdon hikoum hun dës dräi Klacken nët méi gepasst a si fir 125.000,- Frang und’Bäertreffer Gemeng fir Bollendorf-Bréck verkaaft gin. Am Joër 2000 si si allerdéngs nees zréck opIechternach komm. Am Kontext vun deem ganz neie Gelaits vun Iechternach hu si elo erem besser duergepasst a Bollendorf-Bréck krut dräi anerer an d’Plaz.) Op Ouschterméindeg, den 19. Abrëll 1954, gouf déinei Kierch vum Bëschof-Koadjutor Leo Lommel konsekréiert. D’Kierch ass op den Titel vun Maria Himmelfahrt geweiht. Den zweete Patroun ass den hellegen Willibrord. Käschtepunkt vum Kierchbau (laut engem Beriicht vum 3. Juni 1955): Konstruktioun vun der Kierch selwer: 2.972.613,- Frang, Miwwele vunder Kierch (Klacken an Harmonium abegraff): 539.704,- Frang; Amenagement vum Kierfecht: 280.337,-Frang. De Gesamtkäschtepunkt louch also bei 3.792.654,- Frang. Den 6. November 1955 ass zu Bollendorf-Bréck en eegene Kierchegesank gegrëndt gin, deen bis haut besteet a funktionéiert. Eng bedeitend an dreiwend Kraaft war secherlech den Abbé Pierre Schritz (*30.5.1909 zu Mertert, + 13.4.1988 an der Weilerbach), dee vun 1950 un Direkter vun der Heliar op der Weilerbach war a bis 1970 d’Geschécker vunBollendorf-Bréck geleet huet.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement