Desakralisatioun vun der Kierch um Scheedgen


Home Back Print Kontakt

Mat Dekret vum 16.12.2020 vun eisem Här Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich ass d’Kierch um Scheedgen desakraliséiert. Mat anere Wierder et ass keng Kierch méi am Sënn vun engem sakralen a geweiten Raum, och wann d’Form vum Gebai ëmmer nach ee Kierchegebai ass. Virun e puer Wochen hunn ech dann och dee geweiten Altorsteen mat dem Reliquiegraf, sou wéi dat bäi enger Desakralisatioun üblech ass, erausgeholl. Dee läit elo zu Consdorf an der Kierch. Déi liturgesch Géigestänn, déi fir de Gebrauch vun engem Gottesdéngscht néideg sinn, sou wéi d’Hellegestatue sinn och zu Consdorf an der Kierch.

Viru e puer Wochen war déi nei Diözesankonservatorin vum Bistum mat engem Vertrieder vum Kierchefong um Scheedgen fir de Constat ze maachen, wat mat verschiddene Géigestänn a Miwwele soll geschéien. Laut Gesetz ass de Kierchefong Proprietär vun deene Géigestänn a Miwwelen. Et steet him also zou, ze soen, wat domat geschitt. De lokale Kiercherot huet nëmme wéineg Matsproocherecht. Hien huet éischter eng berodend Funktioun. Souwuel d’Diözesankonservatorin wéi och d’Leit vum Kierchefong versichen alles esou gutt wéi méiglech dem Sënn an Zweck vun de Saachen no ze organiséieren. Sou gëtt no enger Plaz an enger Kierch oder enger Kapell fir d’Biller vum Kräizwee an dem Héichaltor gekuckt. Bis dohin gi si vum Kierchefong geséchert a versuergt. D’Bänke ginn och vum Kierchefong versuergt.

Mir selwer sinn och net frou iwwer de Gang vun der Geschicht. Awer et ass nu lo mol sou. Et si politesch Entscheedunge gefall, déi e ganze Koup vu Konsequenzen hunn, Konsequenze mat deene mir liewe mussen.

Pastoral gesinn ass et kloer, dass de reegelméissege Besuch vum Gottesdéngscht ofhëlt. Och vum Personal hier gesinn, si mir un eise Grenzen. Dat ass kengem seng Schold, et ass einfach dem Zäitgeescht entspriechend.

Et ka sinn, dass dat net ganz schéin ass. Mir all haten dat an deene ville Joren virdrun an der Hand, sief et duerch déi aktiv Bedeelegung um kierchleche Liewen, sief et duerch d’Bedeelegung un de politeschen Entscheedungen, sou oder sou.

De Grond, dass d’Entscheedung virun e puer Joer esou getraff gouf, dass d’Kierch vum Scheedgen net méi fir Gottesdéngscht géif gebraucht ginn, ass ganz villfälteg.

D’Gebai ass Eegentum vun der Gemeng Consdorf. D’Gemeng wollt dat Gebai och an hirem Besëtz halen. Hätte mir als chrëschtlech Pargemeinschaft Interessi dru gehat, dës Kierch weider ze notzen, wär dëst méiglech gewiescht ënner de Bedingungen, déi d’Gesetz vun Trennung vu Kierch a Staat virgesäit. Dee Moment hätte mir misse Loyer an den deeglechen Ënnerhalt wéi Heizung an Elektrescht selwer vun der Par bezuelen. De finanziellen Opwand fir esou eng Kierch ass enorm. D’Kierch um Scheedgen gëtt elektresch mat Nuetsspäicheriewen gehëtzt. Dir kënnt iech ausmolen, wat dat kascht. Dobäi kéim de Loyer, deen am gënschtegste Fall 1000,-€ (+ eng indexéiert Zomme x) wier. Zudeem hätten och d’Klacken all Joer misse nogekuckt ginn, wat d’Par jo och bis elo gemaach huet. D’Personalkäschte fir Koschter, Organiste an d’Botzen hätt een och misse mat arechnen. Alles in allem kéim een bestëmmt op eng Zomme tëschent 8000 an 10000 € am Joer eleng fir d’Kierch um Scheedgen. Ech weess net, wéi mir dat mat eisen aktuelle Mëttelen hätte kënnen bestreiden.

Ech weess, dass dëst Kierchegebai fir déi Scheedges Leit eng besonnesch Bedeitung huet. D’Gebai bleift jo och erhalen, awer net méi als Kierch oder Gebai fir Gottesdéngschter. Mir mussen an dësen Zäiten nei Weeër sichen. Dat geet awer nëmmen am Respekt virun de materiellen, finanziellen a virun allem mënschlechen Ressourcen, déi do sinn. Wann et dorunner feelt, notzt och ee Kierchegebai näischt.

Well um Scheedgen elo keng Kierch méi ass, dierften eigentlech och keng Klacke méi gelaut ginn. Déi sougenannten Moies-, Mëttes-, an Owesklack ass en Opruff zum Gebiet vun Angelus (Engel des Herrn). Den aktuelle Proprietär vum Gebai, d’Gemeng Consdorf ass der reliéiser Neutralitéit verflicht. Et géif de Reegele vun Trennung vu Kierch a Staat net entspriechen, wann d’Gemeng zum Gebiet géif opruffen. Dee Moment, wou mir am Pastoralteam och keen Zougang zu deem Gebai méi hunn, ass et och net méi méiglech eng Péis fir ee Verstuerwenen ze lauden.

Et ass sécher, dass an der nächster Zäit nach Gespréicher musse gefouert ginn tëschent der Gemeng, dem Pastoralteam, der lokaler Kierchefabrick an dem Kierchefong. Bestëmmt ginn et vill Léisungen a Virschléi, déi mir ouni d’Emotiounen héich kachen ze loossen, op frëndschaftlecher Basis fanne wäerten. Kucke mir no vir, ech hunn dat fest Vertrauen, dass eis Gemeng eppes Schéines a Würdeges aus dem Kierchegebai mécht, eppes, wat eis all wäert Freed maachen. Et wäert keen eis hënneren, zesummen ze feieren, mir musse just no Formen a Plaze sichen. Se si vläicht méi no wéi mir mengen.

Mat Vertrauen!

Carlo Morbach,
Paschtouer

Links:

Scheidgen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement