CONCERT VUM NEUER KAMMERCHOR BERLIN

1. Januar 2020 am Kader vun der 100-Jarfeier vun der Chorale Ste Cécile vu Bech


Home Back Print Kontakt

Den 1. Januar 2020 ass am Kader vun der 100-Jarfeier vun der Chorale Ste Cécile vu Bech um 18 Auer an der Becher Kierch en aussergewéinleche Concert vum `Neuer Kammerchor Berlin` zesummen mat dem Ensembel Gimme 5.

Den ’Neuer Kammerchor Berlin‘ gouf am Oktober 2016 vum Adrian Emans gegrënnt an huet sech a kuerzer Zäit zu engem vun de renomméiertste Kammerchéier vu Berlin entwéckelt. De Chouer setzt sech aus Musekstudente vun der Universität der Künste Berlin, ausgebilte Sängerinnen a Sänger souwéi weidere Memberen mat laangjäreger Chouererfahrung zesummen. De Chouer huet Wierker aus ënnerschiddlichen Epochen am Repertoire: vun der Renaissance bis zur klassescher Modernt sangen si alles.

Am November 2017 huet den ’Neuer Kammerchor Berlin’ um 31. internationalen Chouerwettbewerb „Praga Cantat“ deelgeholl an d„goldene Band“ sowéi den zweete Präis an der Kategorie“gemëscht Chéier“ gewonnen. Hiren Dirigent Adrian Emans krut doriwwer erraus de Präis fir „Outstanding Conductor".
Am Juli 2018 ass den Ensemble op déi „10. World Choir Games„an Tshwane (Südafrika) geflunn a krut eng Sëlwermedaille an der „Champions Competition“.
Am Oktober 2019 ass de Chouer op Venedeg gefuer, fir um ’Claudio Monteverdi International Choral Festival and Competition‘ ze sangen. Dëse Concours war fir dee jonke Chouer een immense Succès, well si net nëmmen d’Kategorien Musica Sacra an Cori dei Adulti, mee och de Grand Prix vum ganze Concours gewonnen hunn. Och hei ass hiren Chef Adrian Emans mam Präis fir de beschten Dirigent ausgezeechent ginn.



 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement