„Lasst uns ziehn zu den Quellen des Lebens“

Evensong in einer Zeit des Suchens


Home Back Print Kontakt

Zënter esou 15 Joer sangen d’Kierchechéier vun Hemstel, vu Biwer a vu Bech zesummen. Zousätzlech dozou feieren de Gesank vu Bech 2019 100 Joer an de Gesank vun Hemstel 2020 125 Joer. De Kierchechouer vu Biwer ass 1907 gegrënnt ginn a freet sech schonn iwwer 112 Joer Gesang.
An all deene Joren hunn déi dräi Chéier versicht e Beitrag ze leeschten, net nëmmen zur “Verschéinerung” vun de Gottesdéngschter, mee och zum Opbau vun de chrëschtleche Gemeinschaften an zu der spiritueller Déift. Méi wéi eng Kéier hu mir gemierkt, wéi d’Kierchemusek eis ëmmer nees nei rausfuerdert an eis awer och begleet an eisem Sichen no Sënn, no Glawen, no Liewen.
An enger Zäit, wou mir eis beméien, fir déi lieweg Quellen vun eisem Glawen eescht ze huelen an an eis liewen ze loossen, iwwer d’Glawensformelen eraus, invitéieren iech d’Sänger a Sängerinnen vum Hemstel, Biwer a Bech op eng villsäiteg Feier vum

Evensong oder Abendlob an der Kierch zu Biwer
Sonndes, de 9. Februar 2020, um 17.00 Auer.

Obwuel den Entrée gratis ass, sidd Dir, grouss a kleng, jonk an al, häerzlechst agelueden, an dëser Feier aktiv am Gebied, am Nodenken an am Gesank matzemaachen. Eng Kollekt gëtt opgehuewen fir e gutt Wierk.

Kierchechéier vu Hemstel (1895), Biwer (1907) a Bech (1919)
Um Keyboard: Libby Kramer
Direktioun: Tom Osborne


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement