E Wuert fir de Mëttwoch, 6.5.2020

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 12, 44-50)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit 44rief Jesus aus: Wer an mich glaubt, glaubt nicht an mich, sondern an den, der mich gesandt hat, 45und wer mich sieht, sieht den, der mich gesandt hat. 46Ich bin das Licht, das in die Welt gekommen ist, damit jeder, der an mich glaubt, nicht in der Finsternis bleibt. 47Wer meine Worte nur hört und sie nicht befolgt, den richte nicht ich; denn ich bin nicht gekommen, um die Welt zu richten, sondern um sie zu retten. 48Wer mich verachtet und meine Worte nicht annimmt, der hat schon seinen Richter: Das Wort, das ich gesprochen habe, wird ihn richten am Letzten Tag. 49Denn was ich gesagt habe, habe ich nicht aus mir selbst, sondern der Vater, der mich gesandt hat, hat mir aufgetragen, was ich sagen und reden soll. 50Und ich weiß, dass sein Auftrag ewiges Leben ist. Was ich also sage, sage ich so, wie es mir der Vater gesagt hat.

Ech sinn d’Liicht, dat an d’Welt komm ass, fir dass jiddereen, dee gleeft, net an der Däischtert bleift. Dat seet eis de Jesus haut am Evangelium. Hien ass komm, fir eis de Wee ze weisen grad an Zäiten, wou et net onbedéngt esou einfach ass. Mä d’Lauschteren op dem Jesus seng Botschaft geet net duer. Mir mussen dës Botschaft och am Alldag ëmsetzen, andeems mir eis een deem aneren a Léift begéinen, eis hëllefen, eis droen an der Nout. Mir wëssen, dass grad am Moment och an eise Géigenden Nout ass duerch dës nei Krankheet. Sécher geet et wéi ëmmer deene meeschten vun eis gutt, och wa mir vläicht an eisem Liewen ee wéineg ageschränkt sinn. Mä dat kann eis dann dach drop hiweise an ee klengen Abléck ginn, wéi et ville Mënschen eigentlech ëmmer ergeet, déi Nout erliewen. Mir jéimeren elo iwwert déi noutwendeg Aschränkungen. Mä wat wier, wa mir net all déi Hëllefen vu Staat a Gesellschaft, vu Gesondheetssystem a sozialer Versuergung hätten? An deem Sënn kann een och haut d’Evangelium interpretéieren a soen, dass mir zumindest an eiser Gesellschaft dach dat Wuert vum Jesus praktizéieren. Lo wier et just nach wichteg, dat och vis-à-vis vun deene Villen ze maachen, déi wesentlech méi grouss Nout hunn wéi mir. Loosse mir dach selwer och zum Liicht ginn fir eis Welt vun haut. Loosse mir eis asetzen, fir d’Nout an de Misär ze bekämpfen.

Een éischte Schrëtt wier schonn, wa mir grad elo an der Oktavzäit an deenen alen Lidder net nëmmen un eis géifen denken mä och un all déi Noutleidend an eiser Welt. Loosse mir eist an hiert Leed virun eis Tréischterin bréngen (Magnificat Nr 895):

Ech hu mäi Leed bei dech gedron,
du hues mech nët verstouss;
kee Leed, dat d’Mamm nët géif verston
a wir et nach sou grouss,
a wir et nach sou grouss.

Du hälls um Aarm däin hellegt Kand,
dat mir all Gnode gët;
hal och ëm mech déng mächteg Hand,
o Mamm, verlooss mech nët,
o Mamm, verlooss mech nët.

Looss nët am Leed däi Kand verzon,
déng Gnod mécht alles liicht;
looss mech mat dir duerch d’Däischtert gon
an d’éiwegt, éiwegt Liicht,
an d’éiwegt, éiwegt Liicht.

Carlo Morbach
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement