E Wuert fir Mëttwoch den 29.4.2020

Evangelium: Matthäus 11,25-30


Home Back Print Kontakt

Evangelium: Matthäus 11,25-30
25In jener Zeit sprach Jesus: Ich preise dich, Vater, Herr des Himmels und der Erde, weil du all das den Weisen und Klugen verborgen, den Unmündigen aber offenbart hast.
26Ja, Vater, so hat es dir gefallen.
27Mir ist von meinem Vater alles übergeben worden; niemand kennt den Sohn, nur der Vater, und niemand kennt den Vater, nur der Sohn und der, dem es der Sohn offenbaren will.
28Kommt alle zu mir, die ihr euch plagt und schwere Lasten zu tragen habt. Ich werde euch Ruhe verschaffen.
29Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig; so werdet ihr Ruhe finden für eure Seele.
30Denn mein Joch drückt nicht, und meine Last ist leicht.

Haut um 29. Abrëll feiere mer d’Fest vun der Hl. Katharina vu Siena (1347-1380).
Katharina Benincasa ass an enger veraarmter Adelsfamill op d’Welt komm, si hat 24 Geschwëster. Mat 6 Joer huet si sech am Elterenhaus zeréck gezunn fir ze bieden an ze faaschten; mat 16 Joer ass d’Katharina, géint de Wellen vun hiren Elteren, an den Drëtten Uerden vum Hl. Dominikus agetrueden. Si huet net an engem Klouschter gelieft, mee doheem an engem klengen Zëmmer. Hiert ganzt Liewen huet si op Christus ausgeriicht an huet sech spéider mat vill Engagement fir déi Aarm a Krank agesat. Katharina huet sech net gescheit fir op d‘Mëssstänn an der Kierch hinzeweisen, op d’Muechtkämpf déi et an der Kierch gouf: „Im Garten der Kirche müssten die faulenden Pflanzen ausgerissen und durch frische, duftende neue Pflanzen ersetzt werden.“ Dës „ongebilde“ Fra, si konnt weder liesen nach schreiwen, huet Grousses an der Kierchegeschicht bewierkt. Si ass ze Recht Patréinesch vun Europa.

Katharina vun Siena huet dat gelieft, wat mir haut am Evangelium liesen:
Ich preise dich, Vater, Herr des Himmels und der Erde, weil du all das den Weisen und Klugen verborgen, den Unmündigen aber offenbart hast...
Kommt alle zu mir, die ihr euch plagt und schwere Lasten zu tragen habt. Ich werde euch Ruhe verschaffen.Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig; so werdet ihr Ruhe finden für eure Seele.

„Unmündig“ ass net negatif gemengt, et sinn déi Persounen, déi d’Botschaft vum Jesus héieren an am Vertrauen unhuelen.
De Jesus verkënnegt net iergendeng Weisheet, hie bréngt sech selwer bei d’Mënschen, bei all d‘Mënschen. Hien ass de „Wee, d’Wouerecht an d‘Liewen“. Wien a seng Schoul geet, dee léiert keng gescheit Weisheetssprëch, mee e léiert esou ze sinn, wéi de Jesus ass. An d‘Nofolleg vum Jesus ze kommen, heescht säi „Joch“ op sech ze huelen. Wie sech vun him „aspanen“ léist, trëtt an d’Nofolleg vu Christus, déi fräi a glécklech mécht.

Anise Metz

Heute wird soviel geredet wie noch nie.
Über die Köpfe der Menschen hinweg
Rollt eine Lawine leerer Worte wie noch nie.
Jeder will reden.
Jeder will das Wort.
Jeder will Mitspracherecht.
Aber wenige haben etwas zu sagen.
Weil wenige die Stille und die Spannung
des Denkens aushalten können.
Sei liebevoll mit deinen Worten.
Worte sollen »Licht« sein,
Worte sollen versöhnen,
einander näherbringen,
Frieden stiften. Phil Bosmans

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement