Faaschtenzäit, Karwoch an Ouschtern 2022

an der Par Regioun Iechternach St Willibrord


Home Back Print Kontakt

No 2 Joer Pandemie
ass nees wéi gewinnt
ze Iechternach op Pällemsonndeg
d’Pällemweih am Stadtpark beim Pavillon
duerno Prëssessioun an d’Basilika


 

Begéinen, lauschteren, discernéieren - synodal ënnerwee
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2022
Direkt-Link op d’Säit zur Äerzdiözees

Gottesdéngschter Karwoch an Ouschteren 2022
an der Par Regioun Iechternach St Willibrord

De ganze Programm mat enger Rei vun Updaten!
Krich, Stëps, Äschen an eng Invitatioun
Äschermëttwoch an den Ufank vun der Faaschtenzäit kënnen ons e Wee weise fir och am Schlammassel eng Chance ze notzen. E puer Gedanken vum Abbé Luc Schreiner aus der Rousperter St. Mëchelskierch.
Beichtgelegenheiten / Bussgottesdienste
In der Fastenzeit / Karwoche (2022)
„Drive-In-Beicht“ Sonndes an der Faaschtenzäit op der Giischterklaus
Krankebesuch a Krankekommunioun
Wann dir, an der Ouschterzäit, d’Krankekommunioun oder en Hausbesuch wëllt, da meld Iech w.e.gl. bei engem Member vun der Pastoraléquipe oder am Parbüro ...

Barmhäerzegkeetsnovene
Och dëst Joer schléisse sech zu Méischdrëf e Grupp Leit dem weltwäite Gebied vun der Novene zur Göttlecher Barmhäerzegkeet. Ganz häerzlech ass jiddereen egal vu wou aus eiser grousser Por an doriwwer eraus invitéiert matzebieden.
Ouschteren an onser Kierch zu Bollendorf-Breck
Mir feieren zesummen d’Opersteeung vu Jesus Christus : Mass : Ouschtersonndeg, den 17. Abrëll 2022 um 18.00 Auer
Ouschteren zu Bäerdref
Moment Musical

No der Mass ass vun 11:45 bis 12:15 Auer ee Concert mat Uergel (Rosch Mirkes) a Gei (Jehanne Strepenne), wou Wierker vum Schmelzer, Senallié a Corelli presentéiert ginn.

Informatiounen fir eis Koschteren


Informatiounen fir eis Klibberkanner
Amplatz vun de Klacken - déi op Roum beichte ginn - gëtt geklibbert. Dofir ginn d’Klibberkanner (am Prinzipp eis Massendénger, an hier Frënn an den Dierfer) Karfreides a Karsamsdes klibbere fir d’Moies-, d’Mettes- an d’Nuetsklack. Fir d’Aarbecht ze beloune gi si Karsamschdes am Laf vum Dag hire Klibberloun vun Haus zu Haus ophiewen. Merci, datt Dir eis Kanner a Jugendlech gutt empfängt an dësen ale Brauch ënnerstëtzt ...

Massendénger Gemeng Konsdrëf siche Verstäerkung
Meedercher a Jongen vum Cycle 3 un sinn häerzlech wëllkomm fir aktiv bei de Massendénger mat ze maachen an och fir an der Gemeng Konsdref op Karfreideg a Karsamsdeg mat klibberen ze goen.
Lektorenversammlung fir d’Karwoch 2022
Donneschdes, 7. Abrëll um 19.30 Auer an der Basilika
Aus der Serie vun de Kräizweeër aus der Par:
Kräizwee aus der Kapell vu Kolwent

Deen heite Kräizwee ass e klenge Kräizwee an huet nëmme 9 Statiounen.
Aus der Serie vun de Kräizweeër aus der Par:
Kräizwee aus der Kierch vu Mompech


Aus der Serie vun de Kräizweeër aus der Par:
Kräizwee aus der Kierch vu Bäertref


Aus der Serie vun de Kräizweeër aus der Par:
Kräizwee aus der Kierch an der Buerg


Aus dem Atelier vun der Abtei Münsterschwarzach (gezeechent: LFG)
Dëse Kräizwee huet eng 15. Statioun: „Jesus ist auferstanden von den Toten“

Links:

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement