Uesweller Celsusfeier 2020


Home GoBack Print Kontakt

EN GOUD NORIICHT!

D’Uesweller Celsusfeier 2020 fällt NET aus!

An hierem 305. Jar gëtt si just e bësschen aanischt.
Corona oblige.

Dir kënnt leider NET
• d’Mass matfeieren,
• Är Päerd, Trakteren, Autoen, Maschinnen, Dräirieder, Vëloen, etc. seene loossen,

AWER Dir kënnt bis Uusterméndig 14:00 Auer
• eng Foto oder e Bild vun Eech mat Äerem Päerd, Trakter, Auto, Dräirad, Vëlo, etc. aschécken:
Email: celsus.osweiler gmail.com

Whatsapp : (+352) 691 842 052
All dës Biller ginn an der Uesweller Kierch opgehaang.
Fir jiddwereen, deen e Bild oder en Foto aschéckt, gett en Kierz bei der Statue vum hellegen Celsus ugefaang.

Uusterméndig, den 13. Abrëll 2020, wäert éise Pastuër owes an der Uesweller Kierch – wuel elleen ma bei all deene Biller mat Eech verbonnen – d’Mass fir Eech an Är Uleies feieren.

Wa neess besser Zäite së wäerten, ass scho mam Club des Jeunes ofgemaach, gëtt d’Celsusfeier an hirer gewinnter Form nogeholl.

Déi Uesweller an hiere Pastuër




 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement