Härläichendag 2019


Home Back Print Parbüro Fotoen

Härläichendag ass e besonnescht Fest vun eisem Glawen. Mir feieren Samschdes, den 22. Juni zu Bur. Wéint dem Nationalfeierdag feiere mer Sonndes, den 30. Juni zu Iechternach. Dëst Joër ass keng Sakramentsprëssessioun zu Buerglënster.

Bur

Mir feieren d’Mass, e Samsden 22. Juni em 18 Auer an der Kierch, duerno geet d’Prëssessioun duerch d’Schlass- an Duerfstrooss laanscht déi verschidde Kapellen aus dem Duerf erëm an d’Kierch zréck, wou et de Schlusssege gett.

Opstellung: Massendinger mam Kräiz - Pompjeen – Musik – Gesangveräin – Kanner – Streekanner – Massendinger – Allerhellegst – Autoritéiten – D’Leit all

Streekanner: ’Kanner aus dem Cycle 2 sinn invitéiert fir d’Blummen ze streeen. Bréngt w.e.gl. Blummebléie mat. Rendez-vous fir si em 17:30 Auer.

Kommiounskanner huelen an hirem festleche Kommiounsgezai un der Mass an der Prëssessioun deel.

Massendinger prouwen Freides, den 21.6. em 20.00.

Fir d’Streekanner brauche mir Blummebléien. Vu Freidesowes u steet e Kuerf an der Kierch fir si ofzeginn.

Häerzlech Inviatioun un d’Leit d’Haiser ze reschten an de Fändel erauszehänken a no der Pressessioun e Patt zesummen ze drénken.
 

Iechternach

Den 30. Juni feiere mir um 9.00 Auer d’Mass an der Basilika. Duerno geet d’Prëssessioun dee selwechte Wee, wéi déi läscht Joeren. De sakramentale Segen ass bei den Altär: Dechenshaus, um Moart, rue André Duchscher a Basilika, wou den Ofschloss ass.
Duerno gëtt um Parvis en Eierewäin zervéiert.

Opstellung: Massendénger mam Kräiz, Harmonie municipale, d’Portugiesesch Kommunotéit, d’Statue vun der Tréischterin, d’Schoul-an d’Kommuniounskanner, Massendénger, dat Allterhellegst, begleet vun de Pompjeeën mam Himmel, Basilika-Chouer, Autoritéiten, Kiercherot, d’Leit alleguer.

Streekanner: All Kanner aus dem Cycle 2 (1. an 2. Schouljoer) sinn invitéiert ze streeën.

D’Kommuniounskanner aus der Gemeng Lënster an vun Iechternach kommen mat hiren Tuniquen an d’Mass a ginn duerno mat an der Prëssessioun.

D‘Kommuniounskanner vu Befort, Berdorf, Consdorf, Bech an Hemstal huelen och un der Prëssessioun deel. Si doen hiert feierlecht Kommiounsgezeih un.
 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement