Neit Lektionar

fir Bibeltexter an der Massfeier


Home GoBack Print Kontakt Referenzen

Um éischten Adventssonndeg 2018 gëtt an der Liturgie vun der Mass dat neit däitscht Lektionar agefouert. Dëst Buch enthält all biblesch Texter, déi an der Mass um Sonndeg an op de Feierdeeg gebraucht ginn. D’Auswiel vun de Bibeltexter, déi gelies ginn, ännert sech net, mä d’Iwwersetzung. D’Uerdnung vun de Texter war duerch dat Zweet Vatikanescht Konzil festgeluecht ginn. Déi Uerdnung wiesselt net, just awer d’Sprooch. 2016 ass nämlech eng revidéiert Iwwersetzung op Däitsch vun der ganzer Bibel erausbruecht ginn. Dës Iwwersetzung ass vun elo un och maasgebend fir eis Liturgie. Et ass eng Upassung un de Sproochgebrauch vun haut. Munch Formuléierungen an de bibleschen Texter wäerten eis wuel iwwerraschen, well si e wéineg aneschters klengen, wéi bis elo. Dat invitéiert eis, de Bibeltext erëm nei als Wuert vum Härgott ze lauschteren. An deenen nächste Joren wäerten elo all Lesungsbicher eent no deem aneren ersat ginn.

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement