E Wuert fir de Freideg, 8.5.2020

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Johanne.s (Joh 14, 1-6)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: 1Euer Herz lasse sich nicht verwirren. Glaubt an Gott, und glaubt an mich! 2Im Haus meines Vaters gibt es viele Wohnungen. Wenn es nicht so wäre, hätte ich euch dann gesagt: Ich gehe, um einen Platz für euch vorzubereiten? 3Wenn ich gegangen bin und einen Platz für euch vorbereitet habe, komme ich wieder und werde euch zu mir holen, damit auch ihr dort seid, wo ich bin. 4Und wohin ich gehe - den Weg dorthin kennt ihr. 5Thomas sagte zu ihm: Herr, wir wissen nicht, wohin du gehst. Wie sollen wir dann den Weg kennen? 6Jesus sagte zu ihm: Ich bin der Weg und die Wahrheit und das Leben; niemand kommt zum Vater außer durch mich.

D’Zäite si net evident. Et kënnt Schwéieres op Iech duer. Wéi kann een domadden ëmgoen? Do wëllen déi sougenannten Abschiedsriede vum Jesus, déi ons deser Deeg an der Liturgie begéinen, de Jünger Courage maachen. Courage fir och a net evidenten a schwéieren Zäiten ze verzweifelen. Déi Wieder vum Jesus, déi mir am Johannesevangelium an de Kapitele virun der Passioun liesen, kënnen ons haut munches mat op de Wee ginn.

Courage a Vertraue brauche mir elo méi wéi je. Och mir duerchliewe grad Zäiten, déi net evident sinn. Do ginn et perséinlech Suergen a Misère. Da gett et awer och eng grouss Veronsëcherung: Wiem kann ech gleewen? Wiem net? U wat kann ee sech halen? Deen een Dag heescht et dat eent, deen aaneren Dag de Contraire. Fir mech ass et kloer, de Covid-19 ass näischt, wat ons Medeziner scho op der Uni studéieren an erfuerschen konnten. Dofir sinn d’Wëssenschaftler nach um Sichen a Forschen a hu verschidden Erkenntnisser. Ma wann ech kucken, wat d’Dokteren an d’Pflegepersonal des Zäit an de Spideeler uechter d’Welt Grousses leeschten, dat erlabt mir ze vertrauen.

Dann ass och d’Gottvertrauen a mengem Liewen eppes, wat mir erlabt Schwieregkeeten auszehalen. Wéi deemols de Jünger gett desen Text mir Courage an Zouversiicht. Wann ech mam Jesus um Wee sinn, da kritt alles e gutt Enn: „Im Haus meines Vaters gibt es viele Wohnungen.“ (Joh 14, 2) Dat ass jo sëcher eppes, wat mir alleguerten des Zäit wënschen – quitte, datt elo nach munches net evident ass a nach vläicht Schwieregkeete komme wäerten.

Elo an der Oktav kucke mir zu Letzebuerg ganz extra op d’Maria. Grad elo ka si ons ee Virbild si fir op den Härgott ze vetrauen. Loosse mir si em hiert Gebied froen an hiert Gottvertrauen imitéieren.

Luc Schreiner
Helleg Maria, du prächteg Fra,
Hieseltermadonna[1], du mächteg Fra
Du liews voll Freed an der Herrlechkeet,
du tréischs deng Kanner déif am Leed.

Du hues dem Härgott „Jo“ gesot,
komm hëllef ons mat dengem Rot;
Du hues net laang „Firwat?“ gefrot,
maach du ons Mutt zur gudder Dot.

Vum Hellege Geescht goufs du geleet,
du hues gefollegt, wars bereed;
Däi Glawen drouch dech duerch all Leed,
stäerk onse Glawen, stäerk ons Freed.
Du wors déi Fra, déi ni geklot,
Du stoungs beim Kräiz hues net versot;
Du hues Dech ganz op Gott verlooss,
stäerk du ons Hoffnung, maach si grouss.

Deng Jesusléift huet dech gedron,
fir d’Mënsche wells Du alles won,
Du bass eng Mamm sou gutt, sou trei,
stäerk du ons Léift, da gi mir nei.

Bied Du fir ons, léif Tréischterin,
datt mir ons matenee verstinn ;
Bied Du fir ons, gutt Kinnigin,
datt op der Welt soll Fridde ginn.

Text vum Mathias Feider, a Musik gesat vum Laurent Drees
[1] Textvariant fir d’Giischterklaus. Am Stadgronn, wat d’Por vum Auteur wor, gett „Schwaarz Muttergottes“ gesongen an allgemeng gett et eng weider Variant mat „léif Muttergottes.“

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement