E Wuert fir de Sonndeg , 31.5.2020

«Sende aus Deinen Geist, und das Antlitz der Erde wird neu.» (Ps 104, 30)


Home Back Print Kontakt

Léif Kanner, léif Leit,
Mir feiere Péngschten, dat Fest wou d’Kraaft vu Gott op dem Jesus seng Jünger komm ass, wou den Hellege Geescht hier Häerzer belieft huet, an hinne Kraaft ginn huet, fir selwer aktiv ze ginn an Zeie vun der Botschaft vu Gott a Jesus Christus ze ginn. Wéi oft hu mir eis an de leschte Woche gewënscht, erëm eraus ze goen an aktiv dobaussen ze hëllefen eis Welt, jo, och eis Glawensgemeinschaft ze gestalten?

Villäicht ware grad déi lescht Wochen en Hiweis, wat et heesche kann, dass «das Antlitz der Erde neu wird.» An der Rou, doheem, konnte mir de Kär vun der chrëschtlecher Botschaft nei entdecken, wa mir dat gewollt hunn, an eis Zäit geholl hunn, fir bäi eis ze bleiwen.

All reliéis Botschaft ass eng déif Botschaft, déi awer gären un Déift verléiert, wa mir am Kaméidi vun eiser Zäit ënnerginn. Wierklech Déift fënnt en an der Rou.

Ech hu mech dëser Deeg mat de 7 Gowe vum Hellege Geescht auseneen gesat a si versicht an der Zäit vun dësem Joer ze deiten.

Péngschten, dëst Joer anescht, mee mat neier Déift: (siehe Jes 11, 2)
„Der Geist des Herrn ruht auf ihm: der Geist der Weisheit und der Einsicht, der Geist des Rates und der Stärke, der Geist der Erkenntnis und der Furcht des Herrn.“

Stärke: D’Stäerkt ze hunn, Rou auszehalen, a bereet ze sinn, nei Weeër ze goen, Ales a Vertrautes lasszeloossen fir d’Gemeinschaft lieweg ginn ze loossen mat neien Iddien, grad an dëser Zäit.

Frömmigkeit: Gott eng Plaz am Liewe ginn, Kraaft am Gebiet fannen an sou e mat dem anere verbonne bleiwen, grad an dëser Zäit.

Einsicht: Agesinn, dass eis Welt sech ännere muss, dass mir eis ännere mussen fir dass eis Welt nach liewenswäert fir déi kommend Generatioune bleift, dass si iwwerliewe kann grad an dëser Zäit.

Gottesfurcht: Spieren, dass et eppes gëtt wat méi grouss ass wéi ech selwer, a Respekt hunn virun dem “méi Grousse” wéi ech selwer – Gott déi Plaz zougestoen a mengem Liewen, grad an dëser Zäit.

Weisheit: intelligent Entscheedungen treffen, déi laangfristeg eis Gemeinschaft droen a liewe loosse, grad an dëser Zäit.

Rat: Een op den anere lauschteren, e Rot e vun engem aneren eescht huelen, wäertschätzen, ofweien, an unhuele, grad an dëser Zäit.

Erkenntnis: Erkennen, dass mir net alles selwer an der Hand hunn, dass mir en den anere brauchen, an dass mir och d’Kraaft vu Gott brauchen, eng Kraaft déi mir an der Rou fanne kënnen, fir dass “das Antlitz der Erde neu wird”, grad an dëser Zäit.

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement