|
2. Faaschtesonndeg 4./5.3.2023 A
Léif Matchrëschten! Wien ass de Jesus? Déi Fro hunn sech scho vill Mënschen gestalt. Wuel dem Jesus seng Frënn, déi ëmmer mat him ënnerwee waren konnten net genee soen, wien de Jesus da wier. Äntwerten op des Fro kann een eigentlech nëmmen am Glawen fannen. “Ech gleewen drun, dass de Jesus fir mech eng wichteg Botschaft huet!” Mä einfach ass et net, fir déi Botschaft dann och fir sech selwer ze spieren. Heiansdo muss een quasi op een héije Bierg klammen, sech also och kräfteg ustrengen, fir dann eng Anung ze kréien, wien de Jesus ka sinn fir ee selwer. Ruffe mir hien elo ëm säin Erbaarmen un. Kyrie
Här Jesus Christus, du bass fir eis wéi een hellt Liicht um Wee. Dagesgebiet
Gott, du hues eis gebueden, op déi Jong Jesus Christus ze lauschteren. Ernär eis mat dengem Wuert a maach eis d’Aen vun eisem Geescht op, fir datt mir fäeg ginn, deng Herrlechkeet ze erkennen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Tu nous as dit, Seigneur, d’écouter ton Fils bien-aimé, fais-nous trouver dans ta Parole les vivres dont notre foi a besoin : et nous aurons le regard assez pur pour discerner ta gloire. Par Jésus Christ. Lebendiger Gott. In der Verklärung deines Sohnes dürfen wir Menschen erahnen, was unser aller Zukunft ist: ein beglückendes Leben in deiner Herrlichkeit. Wir bitten dich: Gib uns Kraft für den Weg der Nachfolge deines Sohnes, damit wir ihn in den Stunden des Glücks wie in denen des Leids als den erfahren, der mit uns geht - bis hinein in deine Ewigkeit. Liesungen: Gen 12, 1-4a / 2 Tim 1, 8b-10 / Mt 17, 1-9 Lesung aus dem Buch Genesis. Kv Lass deine Huld über uns walten, o Herr! Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an Timotheus. Herr Jesus, dir sei Ruhm und Ehre! Aus der leuchtenden Wolke rief die Stimme des Vaters: Das ist mein geliebter Sohn; auf ihn sollt ihr hören. Herr Jesus, dir sei Ruhm und Ehre! Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre de la Genèse. R/ Que ton amour, Seigneur, soit sur nous, comme notre espoir est en toi ! Lecture de la deuxième lettre de saint Paul Apôtre à Timothée. Gloire au Christ, Parole éternelle du Dieu vivant. Gloire à toi, Seigneur. De la nuée lumineuse, la voix du Père a retenti : « Celui-ci est mon Fils bien-aimé, écoutez-le ! » Gloire au Christ, Parole éternelle du Dieu vivant. Gloire à toi, Seigneur. Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! “Geh fort aus deinem Land, aus deiner Verwandtschaft und aus deinem Vaterhaus in das Land, das ich dir zeigen werde!“ (Gen 12, 1) Ech sinn ëmmer nees nei zudéifst beandrock vun dësem Saz aus dem Buch Genesis. Et ass ee Saz, deen eigentlech jiddereen vun eis misst kennen an och realiséieren. Firwat? Ech versichen ee wéineg nozedenken. Den Abraham hat warscheinlech ee gutt Liewen an senger aler Heemecht. Alles war gereegelt. Hien hat säi Auskommen a war gutt situéiert. Firwat also opbriechen? Firwat fortzéien an eppes Neies ufänken? D’Bibel seet eis, dass Gott hien dozou opgefuerdert huet. Ech loossen dat einfach emol sou do stoen. Tatsaach ass, dass den Abraham sech op mécht a mat allem, wat hien hat, mat senger Famill fort geet an een nach onbekannte Liewen an engem anere Land. An deene leschte Joren ass Villes an eiser Kierch geschitt. Vill al Traditiounen sinn ageschlof an ewech gebrach. Heiansdo hunn ech den Androck, dass Gott eis elo och seet: “Geh fort aus deinem Land, aus deiner Verwandtschaft und aus deinem Vaterhaus in das Land, das ich dir zeigen werde!“ Mir sinn am Moment an enger historesch ganz grousser Phase vun Ëmbroch. Mir gesinn, wéi ëmmer méi Leit der Kierch de Réck dréinen, wéi si net méi eens ginn mat deem, wat eis Kierch seet a mécht. An dann op der anerer Säit hu mir beim Personal an der Kierch och een horrenden Ofbau, sou dass mir dat, wat fréier méiglech war, einfach haut ëmmer manner leeschte kënnen. Ech gesinn déi ganz Diskussiounen innerhalb vun der Kierch mat enger grousser Suerg. Déi eng wëlle par tout net gesinn, dass et mat ale Weeër net méi weider geet. Déi aner wëllen och net waarden, bis et ze spéit ass, a wëllen onbedéngt direkt alles änneren. Wann ech nëmme kucken, wéi an Däitschland gestridde gëtt iwwer de synodale Wee, wéi och vu Roum aus ëmmer nees gebremst gëtt, da muss ech scho soen, dass dat mir Angscht mécht fir d’Zukunft vun eiser Kierch am allgemengen. D’Chrëschtentum war vun Ufank un eng Gemeinschaft um Wee. Dat Wuert aus der Genesis un den Abraham fir fort ze goen aus deem, wat hien bis elo hat, hunn d’Chrëschten ëmmer nees gelieft. Si hunn sech ni fest konnten ariichten, jiddefalls an deenen éischten Zäiten. Si hunn no neie Weeër gesicht. Wann een d’Neit Testament liest, besonnesch d’Apostelgeschicht an d’Bréiwer, da gëtt et engem kloer, dass een als Gleewegen u Jesus Christus bereet muss sinn sech op de Wee an eng net ëmmer liicht a bekannten Zukunft ze maachen. Awer haut do schéngt et mir, wéi wa mir ëmmer méi fest alles wëllen zementéieren, wat an enger Héichzäit vu kierchlechem Liewen zënter dem éischte vatikanesche Konzil do war. Mä d’Zäiten hunn sech zënter deemools esou radikal geännert, dass och d’Kierch nei muss opbriechen an sech nei Weeër vu Liewen muss sichen. Wat mécht eis haut esou Angscht, dass mir et net méi woen, fir nei ze denken an nei ze handelen? Wat ass méi wichteg eise Glawen un sech oder iergendwellech Strukturen, déi an der Geschicht gewuess sinn? Strukturen an Ämter hunn an der Kierch méi wéi eng Kéier gewiesselt. Firwat net och haut eppes dorun änneren? Mir kënnt et am Moment vir, wéi wann eis Kierch a besonnesch eng ganz Rei vu Leit, déi nëmmen an der Vergaangenheet liewen, sech wéilten um Bierg vun der Verklärung zeréckzéien. Deemools, wann een dem Evangelium gleeft, da war dat esou eng Saach, wou de Péitruss einfach wollt festhalen un deem, wat hien dee Moment hat. Dat war gemittlech. Dat war schéin. Dat war esou herrlech do um Bierg, eng grouss Erfarung vu Gebuergenheet. Dofir wollt hien dräi Hütten opriichten an sech et einfach do bequeem. Mä de Jesus verweist hien zimmlech däitlech op d’Realitéit. D’Realitéit ass net dëst Erliefnis um Bierg. D’Realitéit läit an den Nidderungen vum Alldag. Si mussen vum Bierg erëm erof a sech mat deem befaassen, wat usteet. Ech denken, dass dat och een Hiweis op eis als Kierch vun haut ass. Mir kënnen net an eisen Hütten um Bierg bleiwen, déi mir eis zënter Joerhonnerten opgeriicht hunn. Mir mussen opbriechen, erof vum Bierg an erëm an d’Liewen vun de Mënschen. D’Kierch muss sech beweegen an erauszéien an eng nei Zäit, an een neit Land, an nei Strukturen a Formen vu Liewen. Am Bréif vum Paulus un den Timotheus, heescht et haut an der zweeter Liesung: “Mein Sohn! Leide mit mir für das Evangelium!” (2 Tim 1, 8b) D’Evangelium vum Jesus, seng gutt Noriicht, déi verlaangt eppes vun eis all an der Kierch. Et ass sécher net ëmmer einfach. An awer musse mir eis Komfortzonen verloossen an opbriechen. Dofir kann et och nëmmen de Wee vum Opbrieche sinn, deen haut vun eis gefrot ass. Wéi et dann an der Zukunft ausgesäit, dat wësse mir net. Den Abraham wousst deemools och net, wat op hien géif zoukommen. Awer hien hat Vertrauen, dass Gott hie scho géif féieren a leeden. Mir an der Kierch schwätzen esou salbungsvoll vun deem Glawen un dëse Gott, dee fir eis do wier. Awer eigentlech gleewe mir net un hien, soss géife mir wuel net esou krampfhaft wëlle festhalen an den aktuelle Stand wëllen ofsécheren. Hu mir dach einfach emol méi Vertrauen a gi mir mat Mutt an eng nei an aner Zäit vu Kierch. Loosse mir vill Ales einfach hannert eis. Dëst schwéiert Gepäck kann eis nëmmen drun hënneren nei Weeër mat Freed a Liichtegkeet ze goen. Maache mir eis wéi den Abraham mat Gott op een neie Wee. Bewegungsgeschichten Mir ist aufgefallen, Abraham Zachäus Paulus Offensichtlich 1] aus: Kurt Rainer Klein, Berühre uns, Herr, sanft mit deinem Wort. Gebete und Texte für Gottesdienst und Andacht, Neukirchen-Vluyn 2019, S 138. Fürbitten
Eisen Här Jesus Christus ass um Wee no Jerusalem, wou hien sech ausliwwert un déi, déi d’Soen hunn an hien verurteelen. Mir gi mat him op dësem Wee a biede fir déi, déi haut Leed a Verfolgung mussen erdroen:
Här Jesus, du hues eis deng grouss Léift gewisen an dengem Asaz fir déi Kleng an déi Schwaach. Héier elo op eist Gebiet a stéi eis bäi an der Nout vun eiser Zäit. Dech luewen an éiere mir, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II
Gowegebiet
Här, dat Affer, dat mir feieren soll all eis Schold vun eis huelen. Et soll eis hellegen u Léif a Séil, fir datt mir eis an der richteger Weis op d’Ouschterfest virbereeden. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Que cette offrande, Seigneur, nous purifie de nos péchés; qu’elle sanctifie le corps et l’esprit de tes fidèles, et les prépare à célébrer les fêtes pascales. Par Jésus. Gepriesen seist du, Herr, Schöpfer der Welt. Dein ist alles, was wir sind und haben. Nimm die Zei-chen unseres Dankes zu deiner Ehre an durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet - „Wandlung“
Ja, guter Gott, wir nennen dich heilig – Wir reden von "anders leben" – und tun es nicht. Wir trauen uns selbst nicht zu, was du uns zutraust: Gott, wir suchen nach Sinn für unser Leben, nach einem Ziel, das sich lohnt. So richten wir unsere Augen auf ihn, den Menschensohn, unseren Herrn Jesus Christus. Jesus glaubte an die Wandlung, dass es möglich ist, In Aussätzigen, in Prostituierten, Ausgegrenzten und Ausländern Jesus glaubte daran, dass deine Möglichkeiten nicht zu Ende sind, So machte Jesus sein Leben sinnvoll, Seine Auferstehung vom Tod ist unsere Hoffnung So sind wir in dieser Stunde versammelt um seinen Tisch, Deshalb bitten wir dich, Gott: Sende deinen Heiligen Geist Am seinem letzten Abend, an dem er ausgeliefert wurde NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Gott, gedenke deiner Kirche, die Jesus folgen will, Wir bitten dich auch für unsere Verstorbenen. So hoffen wir, Gott, dass der Glaube uns trägt, Darum bitten wir durch Jesus Christus, der befreiende Zeichen des Heils Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
An eiser Welt ass am Fong Plaz fir jiddereen. Wa mir géifen gerecht deelen, da kéint all Mënsch sat ginn a säi Liewe genéissen. Biede mir mat de Wierder vun eisem Här Jesus fir dat deeglecht Brout fir all Mënsch: Friddensgebiet
“Wenn du willst, werde ich hier drei Hütten bauen.” De Wonsch no Fridden a Gebuergenheet ass an all Mënsch dran. Jiddereen wënscht sech dat. Awer dofir musse mir och suergen. Schwätzen geet net duer. Mir sollten eis aktiv derfir asetzen. Dofir biede mir: Här Jesus Christus … Schlussgebiet
Här, du hues eis am Sakrament en Undeel un der Herrlechkeet vun dengem Jong geschenkt. Mir soen dir Merci, datt’s du eis hei op der Äerd schonn deelhuele léis un deem, wat béi dir ass. Dech luewen an éiere mir an all Éiwegkeet. Amen. Pour avoir communié, Seigneur, aux mystères de ta gloire, nous voulons te remercier, toi qui nous donnes déjà, en cette vie, d’avoir part aux biens de ton Royaume. Par Jésus. Gott des Lichtes und des Lebens, du hast uns Anteil geschenkt an der Herrlichkeit deines Sohnes. Wir danken dir, dass du uns schon jetzt erfahren lässt, was du im ewigen Leben für uns bereithältst durch Christus, unsern Herrn. Segen
Gott, unser Vater, segne uns, damit wir spüren, Segne uns, damit die Augenblicke, die du uns schenkst, Segne uns, damit wir Menschen finden, Darum bitten wir im Namen des Vaters oder: Aufbruch bedeutet, Aufbruch bedeutet, Aufbruch zeigt uns, Aufbruch zeigt uns, Aufbruch braucht Aufbruch braucht 2] aus: Sonja und David Haub, Andachten für zu Hause. Anregungen für die Fasten- und Osterzeit, kbw Stuttgart 2021, S. 32.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement